LIDD 77
Liicht an der Däischtert
1. Rond’rëm eis d’Welt ganz däischter ass,
’t gëtt sou vill Schlechtegkeet.
Eng Luucht straalt an eis Häerzer ’ran,
weist wouhin de Wee geet.
(REFRAIN)
Liicht straalt aus der Däischtert,
virun eis en neien Dag –
sou hell a wonnerbar.
D’Liicht vun eiser Noriicht
schenkt Hoffnung, gëtt Zouversiicht –
den Dag ass no.
2. Wien nach schléift, dee muss waakreg ginn,
well d’Nuecht séier vergeet.
Ruffen haart déi gutt Noriicht aus
bis d’Sonn um Himmel steet.
(REFRAIN)
Liicht straalt aus der Däischtert,
virun eis en neien Dag –
sou hell a wonnerbar.
D’Liicht vun eiser Noriicht
schenkt Hoffnung, gëtt Zouversiicht –
den Dag ass no.
(Dozou och Joh. 3:19; 8:12; Röm. 13:11, 12; 1. Pet. 2:9.)