Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

Duerch Glawe staark

Duerch Glawe staark

(Psalm 27:13)

Eroflueden:

  1. 1. Muss ech de Léiw nach fäerten?

    Kee Feind mécht mir Angscht elo,

    well Jehova ass mäi Frënd!

    Ganz egal wat do kënnt,

    mäi Gott ass ëmmer fir mech do.

    (REFRAIN)

    Duerch Glawe staark! Ech weess wat d’Zukunft mir bréngt.

    Duerch Glawe staark! Meng Angscht ass net méi do.

    U Jehova senger Säit,

    do kommen ech méi wäit.

    Weess mäi Gott ass ëmmer mir ganz no.

    Duerch Glawe staark!

  2. 2. Sou vill si schonn gestuerwen,

    Trei duerch Glawe bis zum Schluss.

    Ëmmer Gott u si denkt,

    rëm Liewen hinne schenkt.

    All glécklech, a kee stierwe muss.

    (REFRAIN)

    Duerch Glawe staark! Ech weess wat d’Zukunft mir bréngt.

    Duerch Glawe staark! Meng Angscht ass net méi do.

    U Jehova senger Säit,

    do kommen ech méi wäit.

    Weess mäi Gott ass ëmmer mir ganz no.

    Duerch Glawe staark!

    (BRIDGE)

    Mat Glawe kann ech Bierger versetzen.

    Meng Hoffnung nimools wäert vergo’n.

    Wat géif ech ma’n,

    ouni Gott viru mengen Aen,

    bei all deem, wat ech muss erdro’n.

  3. 3. Gesinn eng herrlech Zukunft.

    Versprach vu Gott si ass.

    Jo staark muss ech sinn.

    T’ass net laang bis dohin,

    wa Jehova da verherrlecht ass.

    (REFRAIN)

    Duerch Glawe staark! Ech weess wat d’Zukunft mir bréngt.

    Duerch Glawe staark! Meng Angscht ass net méi do.

    U Jehova senger Säit,

    do kommen ech méi wäit.

    Weess mäi Gott ass ëmmer mir ganz no.

    Duerch Glawe staark!

    Duerch Glawe staark!

(Dozou och Heb. 11:1-40.)