Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 1

Wat ass déi gutt Noriicht?

Wat ass déi gutt Noriicht?

1. Wat ass dʼNoriicht vu Gott?

Gott wëllt, datt dʼMënsche Freed um Liewen hunn. Hien huet dʼÄerd an alles wat drop lieft, gemaach, well hien eis gär huet. Hie suergt geschwënn dofir, datt dʼMënschen iwwerall a Sécherheet liewe kënnen an hëlt all Ursaach vu Misär ewech. – Liest Jeremia 29:11.

Bis elo huet nach keng Regierung et fäerdeg bruecht, Gewalt, Krankheet an Doud aus der Welt ze schafen. Awer et gëtt eng gutt Noriicht. Gott ersetzt geschwënn all mënschlech Regierungen duerch seng Regierung. Dono ass jidderee gesond a freet sech iwwer echte Fridden. – Liest Jesaja 25:8; 33:24; Daniel 2:44.

2. Firwat ass déi gutt Noriicht sou wichteg?

All dee Misär hält eréischt dann op, wa Gott dʼÄerd vu béise Mënsche befreit (Zephanja 2:3). Wéini wäert dat sinn? Déi schlëmm Zoustänn vun haut si schonn an der Bibel virausgesot ginn a weisen, datt Gott gläich agräift. – Liest 2. Timotheus 3:1-5.

3. Wat solle mir maachen?

Mir solle Gott duerch säi Wuert, dʼBibel, kenne léieren. Si ass wéi e Bréif vun engem léiwe Papp. Si weist eis, wéi haut schonn e bessert Liewe méiglech ass a wéi een an Zukunft fir ëmmer op der Äerd liewe kann. Net jiddereen ass begeeschtert, wann ee sech méi genee mat der Bibel beschäftegt. Awer dʼAussiicht op eng glécklech Zukunft ass ze schéin, fir si ze verpassen. – Liest Sprüche 29:25; Offenbarung 14:6, 7.