Hält dee Misär eng Kéier op?
-
Jo?
-
Nee?
-
Schwéier ze soen?
WAT SEET D’BIBEL DOZOU?
„Gott . . . wëscht all Tréin vun hiren Aen ewech. Et gëtt da keen Doud méi. Och Trauer a Kloen a Péng gëtt et dann nët méi. Wat fréier emol war, ass nämlech vergaang!“ (Offenbarung 21:3, 4, Bibel fir alleguer)
WAT HUNN ECH DOVUN?
Meng Problemer hunn näischt mat Gott ze dinn (Jakobus 1:13)
Gott versteet mäi Leed (Sacharja 2:8)
Gläich kee Misär méi (Psalm 37:9-11)
KANN ECH DER BIBEL WIERKLECH TRAUEN?
Jo, aus op d’mannst zwee Grënn:
-
Gott ass de Misär net egal. Wat huet Gott gefillt, wéi säi Vollek a bibelescher Zäit schlecht behandelt gouf? D’Bibel weist, datt hie Matleed hat, wa si ënnert hire Géigner an Ënnerdrécker gelidden hunn (Richter 2:18).
Gott kann et net ausstoen, wa Mënschen sech géigesäiteg wéi doen. Zum Beispill weist d’Bibel, datt Gott et haasst, wann onschëllegt Blutt vergoss gëtt (Sprüche 6:16, 17).
-
Gott interesséiert sech fir jiddereen. Jehova kennt eise Misär nach besser wéi mir selwer (2. Chronik 6:29, 30).
Gott hëlt geschwënn duerch säi Räich all Leed ewech (Matthäus 6:9, 10). Bis et esouwäit ass, tréischt Jehova déi Mënschen, déi hie vun Häerze sichen (Apostelgeschichte 17:27; 2. Korinther 1:3, 4).