LIDD 3
Jehova – meng Rettung an Zouversiicht
1. Léiwe Papp, ech si sou frou mat dir.
Eng Hoffnung schenks du mir.
Jiddwerengem wëll ech zielen,
wéi léif s du bass mat eis.
Mee wéi schwéier d’Liewe munchmol ass
an dat Liicht a mir gëtt schwaach.
Hëllef mir dir ze vertrauen
a looss mech net am Stach.
(REFRAIN)
O Jehova, meng Rettung,
meng Zouversiicht!
Keen Zweifel, du bass fir mech do.
Ech vertrieden däin Numm
a vertrauen dir.
Ech spieren deng Kraaft, du bass no.
2. Léiwe Papp, elo gëtt mir bewosst,
u menger Säit bass du.
Nimools soll mäin Häerz vergiessen:
du léiss mech ni am Stach.
Lo méi staark dat Liicht a mir nees ass;
Schutz an Trouscht hues du mir ginn.
Gott, däi Wuert well ech verbreeden,
well Mutt kréi‘n ech vun dir.
(REFRAIN)
O Jehova, meng Rettung,
meng Zouversiicht!
Keen Zweifel, du bass fir mech do.
Ech vertrieden däin Numm
a vertrauen dir.
Ech spieren deng Kraaft, du bass no.
(Dozou och Ps. 72:13, 14; Spr. 3:5, 6, 26; Jer. 17:7.)