LIDD 28
Frëndschaft mat Jehova
(Psalm 15)
1. Kann ee Gott säi Frënd ginn?
Him ëmmer ganz no sinn?
Wiem schenkt Gott Léift a wie mécht hie frou?
Wéi kann ech dat gesinn?
Gott säi Wuert eis et seet:
All, déi Gott gären hunn,
all, déi loyal sinn, gäre verzei’n,
all, déi trei zu him stinn.
2. Kann ech Gott säi Frënd sinn?
Gaascht sinn a sengem Zelt?
Hie glécklech maachen? Weise meng Léift?
Wéi kréien ech dat hin?
Wann ech Gott mäi Bescht ginn,
maachen, wat hie mir seet.
A mengem Liewen, a mengem Häerz
éierlech ëmmer sinn.
3. Bass eise beschte Frënd!
Wëssen egal wat kënnt,
suergs ëmmer fir eis; léiss eis net lass,
wann et mol schwéier ass.
Vun Häerze mir dir so’n:
Hunn eis fir dech entscheet!
Wëlle fir ëmmer trei mat dir go’n,
Frënn si fir d’Éiwegkeet.
(Dozou och Ps. 139:1; 1. Pet. 5:6, 7.)