LIDD 32
Stell dech op Jehova seng Säit!
1. Vu falsche Léi’ren a Lige verblennt,
ware vum Glanz vun der Welt ofgelenkt,
dunn huet Jehova eis d’Wourecht geschenkt –
Fridden am Häerz hu mir lo.
(REFRAIN)
Stéi trei zu Jehova, stell dech op seng Säit!
Hie wäert fir dech suergen, him vill un dir läit.
Ziel vun denger Hoffnung, vu Gott sengem Räich!
Säi Jong, Jesus Christus, bréngt Fridde weltwäit.
2. Mir si sou frou, dass mir echt Hoffnung hunn
an dowéinst schwätze mir jiddereen un.
Wien sech fir Gott entscheet, Rettung kann hunn,
lo, wou nach Zäit dofir ass.
(REFRAIN)
Stéi trei zu Jehova, stell dech op seng Säit!
Hie wäert fir dech suergen, him vill un dir läit.
Ziel vun denger Hoffnung, vu Gott sengem Räich!
Säi Jong, Jesus Christus, bréngt Fridde weltwäit.
3. Vill net verstinn, dass mir an den Déngscht ginn,
an eis vläicht haassen, well mir anescht sinn.
Mee mir ginn net op, well mir klo’r gesinn:
Gott léisst eis nimools am Stach.
(REFRAIN)
Stéi trei zu Jehova, stell dech op seng Säit!
Hie wäert fir dech suergen, him vill un dir läit.
Ziel vun denger Hoffnung, vu Gott sengem Räich!
Säi Jong, Jesus Christus, bréngt Fridde weltwäit.
(Dozou och Ps. 94:14; Spr. 3:5, 6; Heb. 13:5.)