Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 33

Werf deng Laascht op Jehova

Werf deng Laascht op Jehova

(Psalm 55)

  1. 1. Lauschter mäi Gebiet, Jehova.

    Huel meng déifsten Ängschte fort.

    Roueg ka mäin Häerz duerch dech ginn.

    Looss mech net eleng, mäi Gott!

    (REFRAIN)

    Werf deng Laascht dach op Jehova.

    Hie wëll ëmmer nei Kraaft dir schenken.

    Hie versprécht, dech ze beschützen.

    Ni enttäusche wäert hien dech.

  2. 2. Wéi eng Dauf wéilt ech lo fléien,

    wäit ewech, a Sécherheet,

    op eng Plaz, wou ech Rou fannen,

    wou kee Feind mir Béises deet.

    (REFRAIN)

    Werf deng Laascht dach op Jehova.

    Hie wëll ëmmer nei Kraaft dir schenken.

    Hie versprécht, dech ze beschützen.

    Ni enttäusche wäert hien dech.

  3. 3. Du wëlls gär meng Tréinen dréchnen,

    Rou a Fridde gëss du mir.

    Duerch deng Léift meng Laascht méi liicht gëtt,

    éiweg dankbar sinn ech dir.

    (REFRAIN)

    Werf deng Laascht dach op Jehova.

    Hie wëll ëmmer nei Kraaft dir schenken.

    Hie versprécht, dech ze beschützen.

    Ni enttäusche wäert hien dech.

(Dozou och Ps. 22:5; 31:1-24.)