Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 44

Ech schëdden dir main Häerz aus

Ech schëdden dir main Häerz aus

(Psalm 4:1)

  1. 1. Jehova Gott, ech froen dech,

    erhéier mäi Gebiet!

    Ech si sou schwaach, gesi keng Luucht,

    mee just nach däischt’re Schiet.

    Verzweiflung huet mäin Häerz gebrach,

    et deet sou schrecklech wéi!

    Jehova, looss mech net am Stach,

    ech packen et net méi!

    (REFRAIN)

    O léiwe Papp, kanns du mech dro’n,

    mir nei Kraaft ginn fir opzesto’n?

    Hoffnung an Trouscht brauch ech vun dir.

    Bleif wannechg’lift ganz no bei mir!

  2. 2. Meng Wierder vläicht kee Sënn erginn,

    an awer mech verstees,

    well s du all meng Gedanke kenns,

    bass deen, deen alles weess.

    Däi Wuert schenkt mir Vertrauen,

    du mech ni verloosse wäerts.

    Wëll ëmmer dorun denken,

    du bass méi grouss wéi mäin Häerz.

    (REFRAIN)

    O léiwe Papp, kanns du mech dro’n,

    mir nei Kraaft ginn fir opzesto’n?

    Hoffnung an Trouscht brauch ech vun dir.

    Bleif wannechg’lift ganz no bei mir!