LIDD 45
Wouriwwer mäin Häerz nodenkt
1. Et geet mir villes duerch de Kapp –
sou munches gutt ass, munches net.
Wëll dir gefalen, mengem Gott
an dowéinst uechten op meng Schrëtt.
Wann ech munchmol net schlofe kann,
well Suergen nuets belaaschte mech,
da schëdden ech dir mäin Häerz aus,
vertrauen trei a fest op dech!
2. Wat reng ass, wouer a gerecht,
wat gutt ass, meng Gedanke lenkt,
wat ëmmer Léift mech weise léisst –
all dat mir déiwe Fridde schenkt.
Wéi frou sinn ech mat dengem Wuert!
Sou no kann ech dir doduerch sinn.
Ech denke gär doriwwer no,
en Deel vu mir kann et sou ginn.
(Dozou och Ps. 49:3; 63:6; 139:17, 23; Phil. 4:7, 8; 1. Tim. 4:15.)