LIDD 80
Komm an erlief, wéi gutt Jehova ass!
1. Wéi frou si mir dech ze kennen.
Du bass eise Gott, eise Frënd.
Mir ziele vun dir, ginn all Dag eist Bescht,
dass all Mënsch de Wee bei dech fënnt.
(REFRAIN)
„Komm an erlief et“, seet Gott säi Wuert,
„wéi gutt Jehova dach ass!“
Hie mécht dech glécklech, Schutz bei him fënns,
suergt fir dech, léisst dech ni lass!
2. Am Vollzäitdéngscht ass besonnesch
ze spieren, wéi s du Seege schenks.
Zefridde mir sinn, vertrauen op dech.
Du eis als Papp ëmmer opfänks.
(REFRAIN)
„Komm an erlief et“, seet Gott säi Wuert,
„wéi gutt Jehova dach ass!“
Hie mécht dech glécklech, Schutz bei him fënns,
suergt fir dech, léisst dech ni lass!
(Dozou och Mar. 14:8; Luk. 21:2; 1. Tim. 1:12; 6:6.)