Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 90

Eis géigesäiteg Mutt maachen

Eis géigesäiteg Mutt maachen

(Hebräer 10:24, 25)

  1. 1. Mir komme gären hei zesummen

    mat eiser geeschteger Famill.

    Déi Léift, déi mir hei kënne spieren,

    gëtt eis e wonnerbaart Gefill.

    Sou villes vunenaner léi’ren;

    mir maachen een deem an’re Mutt.

    Jehova dénge mir zesummen,

    dës Eenheet deet eis all sou gutt.

  2. 2. A wa mol Suergen eis belaaschten,

    dann ass een do, deen eis Kraaft schenkt.

    Wéi schéin et ass, wa mir dann héi’ren

    e Wuert am richtege Moment.

    Mir stäerke weider een deen an’ren,

    sou kënne mir eis Laaschten dro’n.

    Zesummen deele mir eng Hoffnung,

    duerch déi mir kënne weidergo’n.

  3. 3. Mir brauchen all e staarke Glawen,

    den Dag vu Gott ass scho ganz no.

    Op sengem Wee wëlle mir bleiwen,

    d’Versammlung wichteg ass grad ‘lo.

    Eis géigesäiteg Mutt ze maachen,

    bedeit eis dowéinst haut sou vill.

    Jehova éiweg wëllen déngen;

    mir sinn ee Vollek, eng Famill.