LIDD 94
Dankbar fir Gott säi Wuert
1. Sou dankbar Jehova mir si fir däi Wuert.
Geschenkt hues deng Wou’recht a Fräiheet eis bruecht.
Deng Schrëft ass inspiréiert,
duerch si beléiert ginn.
Si gëtt Liicht a Wäisheet, däi Wee sou gesinn.
2. Deng Schrëft eis Gedanken a Wënsch siichtbar mécht.
Sou lieweg a mächteg, däi Wuert eis erfrëscht.
Perfekt sinn deng Gesetzer,
deng Urteeler gerecht,
deng Grondsätz eng Leedung, deng Léift fir eis echt.
3. Deng Schrëft och erzielt eis vu Mënsche wéi mir;
déi nämmlecht Gefiller, bekannt sinn si dir.
Gëff eis e staarke Glawen,
däi Wee mir wëlle go’n.
Jehova vun Häerze mir Merci dir so’n.
(Dozou och Ps. 19:9; 119:16, 162; 2. Tim. 3:16; Jak. 5:17; 2. Pet. 1:21.)