LIDD 95
De Wee vum Gerechte gëtt méi hell
1. Gott huet viru Laangem e Kinnek versprach,
e Retter, eng Hoffnung fir d’Mënschheet.
Säin Dag ass sou no a Gott waart nëmmen drop:
befreit eis vum Doud a vun all Leed.
Et ass lo souwäit, de Messias ass do,
als Kinnek ass hien un der Muecht.
Dat alles ze wëssen, sou wäertvoll fir eis:
fir eng schéin Zukunft huet Gott gesuergt!
(REFRAIN)
De Wee vum Gerechte méi hell gëtt,
mat vill Liicht Gott eist Liewe fëllt.
Mir kucken no vir voller Hoffnung.
Gott säi Wëllen sech gläich erfëllt.
2. En treie Sklav huet Gott fir eis all ernannt,
hie suergt all Dag fir geeschtegt Iessen.
Sou d’Liicht vun der Wourecht gëtt ëmmer méi hell,
beréiert eist Häerz an eist Liewen.
Sou hell eise Wee, mir ganz kloer gesinn:
Eist Zil ass sou no wéi nach ni!
Jehova ass d’Quell vun der Wourecht fir all.
Dëse Wee, dee verloosse mir ni!
(REFRAIN)
De Wee vum Gerechte méi hell gëtt,
mat vill Liicht Gott eist Liewe fëllt.
Mir kucken no vir voller Hoffnung.
Gott säi Wëllen sech gläich erfëllt.
(Dozou och Röm. 8:22; 1. Kor. 2:10; 1. Pet. 1:12.)