LIDD 102
„Deene Schwaache bäistoen“
1. Onvollkomme si mir all
an och munchmol schwaach.
Mee Jehova kuckt no eis,
weist eis Léift all Dag.
Doduerch hu mir nees Mutt,
seng Kraaft deet eis sou gutt.
Stäerke mir wéi hien déi Schwaach,
droe mat hir Laascht.
2. Geet e Frënd, dee staark eis schéngt,
duerch eng schwéier Zäit,
tréischte mir mat Wierder hien,
sou eis Léift gesäit.
Wäertvoll fir Gott hien ass,
seng Hand léisst nimools lass.
Weise mir him Matgefill,
sti mir him zur Säit.
3. Déi, déi schwaach sinn, brauche Léift,
si hunn et net liicht.
Hinne geet et besser, wann
keen iwwer si riicht.
Si sinn eis net egal,
eis Léift fir si loyal.
Sti mir hinne weider bäi,
hu si Zouversiicht.
(Dozou och Jes. 35:3, 4; 2. Kor. 11:29; Gal. 6:2.)