Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 111

Sou vill Grënn eis ze freeën

Sou vill Grënn eis ze freeën

(Matthäus 5:12)

  1. 1. Mir hu sou vill Grënn eis ze freeën –

    Jehova ze dénge mécht frou.

    Hien hëlleft eis, duuss Leit ze fannen;

    säi Vollek wiisst all Dag esou.

    Duerch d’Bibel weist Gott, wat hie virhuet;

    säi Virsaz sou kënne versto’n.

    A sengem Wuert ass d’Freed verwuerzelt,

    si gëtt Kraaft fir weiderzego’n.

    A wa mir mol eng schwéier Zäit hunn,

    bleift eis Freed trotz allem besto’n.

    Duerch Äntwerten op eis Gebieder

    all Prüfung mir kënnen erdro’n.

    (REFRAIN)

    Jehova, du bass eis grouss Freed!

    Deng Frëndschaft deet eis all sou gutt!

    Gedanke ganz déif a Wierker voll Léift

    ginn nei Kraaft a maachen eis Mutt.

  2. 2. Mir kucken an d’Buch vun der Schöpfung,

    bewonn’re Jehova seng Muecht.

    Hie wëll, dass mir d’Liewe genéissen –

    eng Vilfalt vun him ausgeduecht.

    Eist Häerz spréngt vu Freed, well mir wëssen,

    gläich Gott säi Räich Béises vernicht.

    Dës gutt Noriicht dierfe mir deelen

    mat all Mënsch, deen d’Wourecht nach sicht.

    Geschwënn erfëllt Gott säi Verspriechen;

    fir seng nei Welt si mir bereet.

    Mir kënnen et kaum nach erwaarden,

    eist Häerz spruddelt iwwer vu Freed.

    (REFRAIN)

    Jehova, du bass eis grouss Freed!

    Deng Frëndschaft deet eis all sou gutt!

    Gedanke ganz déif a Wierker voll Léift

    ginn nei Kraaft a maachen eis Mutt.