Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 117

Gott seng Guttheet weiderginn

Gott seng Guttheet weiderginn

(2. Chronika 6:41)

  1. 1. Du Jehovah, weis eis Guttheet.

    Dank dir wëssen, wat dat heescht.

    Du bass helleg, ëmmer trei bleifs,

    alles, wat s du méchs, schenkt Freed.

    Sou baarmhäerzeg du mat eis bass,

    all eis Feeler gär vergëss.

    Wëllen dir fir ëmmer déngen:

    Merci fir dat, wat s du gëss!

  2. 2. Als däi Vollek ass eis wichteg,

    dengem Numm gerecht ze ginn.

    Hellʼge Geescht mir dowéinst brauchen,

    sou wéi s du wëlle mir sinn.

    Eisen Déngscht an eist Behuelen

    gi geleet vun denger Hand.

    Duerch däi Wuert an deng gutt Hierten

    wierks du Guddes an all Land.

  3. 3. Eis gutt Dote wëlls dach seenen,

    ganz egal, wéi kleng se sinn.

    Eise Bridder, eise Schwëst’ren,

    mir grad hinne gär Léift ginn.

    Als Famill an als Versammlung,

    ganz egal, wou mir och sinn,

    duerch däi Geescht an duerch däi Seegen,

    mir deng Guttheet weiderginn.