LIDD 120
Esou duuss wéi Jesus sinn
1. Wéi Jesus als Mënsch op der Äerd huet gelieft,
huet hien ni no Muecht oder Éier gestrieft.
Am Virsaz vu Gott krut hien eng wichteg Roll,
mee duuss huet hie Rücksicht op an’rer geholl.
2. „Kommt alleguer bei mech, déi dir iech sou plot.
Ech wëll iech erfrëschen“, huet Jesus gesot.
„Nei Kraaft wëll ech schenke fir weiderzego’n.
Meng Laascht ass sou liicht a ganz einfach ze dro’n.“
3. Mir léi’re vu Jesus, op hie kucke ’rop
a bauen eis Bridder a Schwësteren op.
Duuss Mënsche belount eise Gott ganz geschwënn –
si ierwen dës Äerd, bleiwen ëmmer seng Frënn.
(Dozou och Spr. 3:34; Mat. 5:5; 23:8; Röm. 12:16.)