LIDD 135
Jehova freet dech: „Maach mengem Häerz Freed!“
1. Mäi Jong a mäi Meedchen,
meng Weisheet ginn ech dir.
Wëll mengem Feind weisen,
du stees ganz trei zu mir!
Och wann s du nach jonk bass,
schenks mir deng Kraaft an Zäit.
All Mënsch ka gesinn,
dass dir sou vill u mir läit!
(REFRAIN)
Du bass mäi Kand, ech hunn dech gären!
Méchs mengem Häerz esou vill Freed.
All Dag lauschters du op meng Wierder
a weis, fir mech hues dech entscheet!
2. Vill Freed kanns du fannen,
wann s du mir däin Häerz schenks!
A bass du mol traureg,
wëll ech, dass du drun denks:
Egal wien och béis oder
onfair mat dir ass,
ech stinn zu dir, sinn däi Gott,
loossen dech ni lass!
(REFRAIN)
Du bass mäi Kand, ech hunn dech gären!
Méchs mengem Häerz esou vill Freed.
All Dag lauschters du op meng Wierder
a weis, fir mech hues dech entscheet!
(Dozou och 5. Mo. 6:5; Pred. 11:9; Jes. 41:13.)