LIDD 139
Gesäis du dech am Paradis?
1. Stell dir mol vir. Gesäis du dech?
Am Paradis – do erfëllt alles sech.
Wat e Gefill dat wuel wäert sinn,
a Fridde liewen a fräi mir sinn.
Keng Tréin, kee Leed, Gott dat versprécht,
a sengem Räich hien dat wouer mécht.
E Liewe sou schéin, mir genéissen et dann.
Fir ëmmer mir Gott
wëlle luewe mat Gesang:
(REFRAIN)
Mir danken dir Gott, du méchs alles nei.
Endlech herrscht Jesus, hien ass ëmmer trei.
Eist Häerz ass voller Léift a mir sange mat Freed,
well Éier dir zousteet bis an all Éiwegkeet!
2. Et ass souwäit, lo si mir hei –
e Paradis op der Äerd, alles nei.
Dat wat mol war, ass net méi do:
Kee Grond zur Angscht, näischt verletzt eis lo.
Gott gëtt eis Rou a sengem Zelt,
keng Suergen méi an der neier Welt.
Jehova bréngt Menschen zum Liewen zeréck;
mat hinnen zesumme
mir sange voller Gléck:
(REFRAIN)
Mir danken dir Gott, du méchs alles nei.
Endlech herrscht Jesus, hien ass ëmmer trei.
Eist Häerz ass voller Léift a mir sange mat Freed,
well Éier dir zousteet bis an all Éiwegkeet!
(Dozou och Ps. 37:10, 11; Jes. 65:17; Joh. 5:28; 2. Pet. 3:13.)