LIDD 144
Hal däin Zil fest virun Aen
1. Stell dir vir, wéi schéin eis Welt wäert sinn,
wann de Blanne ka seng Frënn gesinn,
deen, deen daf ass endlech héi’re kann,
wéi d’Kanner glécklech sangen dann,
an déi Doudeg kommen nees zeréck,
hëls si an den Aarm, spiers sou vill Gléck.
(REFRAIN)
Gott versprécht, et dauert net méi laang.
Däin Zil hal ganz fest virun A’n!
2. Wann de Léif, de Wollef an de Bier
da beim Lämmche stinn, wéi wann näischt wier,
an e klenge Bouf mat hinne spillt,
si féiert a keng Angscht méi fillt –
jo, da si mir all a Sécherheet,
Leed an Tréine si Vergaangenheet.
(REFRAIN)
Gott versprécht, et dauert net méi laang.
Däin Zil hal ganz fest virun A’n!
(Dozou och Jes. 11:6-9; 35:5-7; Joh. 11:24.)