Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 07

Wien a wéi ass Jehova?

Wien a wéi ass Jehova?

Wéi stells du dir Gott vir? Bass du déif beandrockt vun him, hues awer d’Gefill, hie wier esou wäit fort ewéi d’Stären um Himmel? Oder ass hie fir dech eng onperséinlech Kraaft esou wéi d’Energie, déi an engem Donnerwieder stécht? Wien a wéi ass Jehova wierklech? Duerch d’Bibel deelt Jehova eis mat, wat seng Eegenschafte sinn an datt hien och un eis interesséiert ass.

1. Firwat kënne mir Gott net gesinn?

„Gott ist ein Geist“ (Johannes 4:24). Jehova ass net aus Fleesch a Blutt. Hien ass eng Geeschtpersoun am Himmel, e Beräich, dee fir eis onsichtbar ass.

2. Wéi eng Perséinlechkeet huet Jehova?

Mir kënne Jehova net gesinn, awer hien ass eng reell Persoun. Wa mir seng schéin Eegenschafte kenne léieren, fille mir eis zu him higezunn. An der Bibel steet: „Jehova liebt Gerechtigkeit und er wird seine Loyalen nicht im Stich lassen“ (Psalm 37:28, Foussnout). Hien ass „voll Matgefill a Baarmhäerzegkeet“, besonnesch wann ee Misär huet (Jakobus 5:11BFL). „Jehova ist denen nah, die ein gebrochenes Herz haben. Er befreit die, die am Boden zerstört sind“ (Psalm 34:18). Wousst du, datt et Jehova beréiert, wéi mir eis behuelen? Wann ee bewosst eppes mécht, wat net richteg ass, ass hien enttäuscht an traureg (Psalm 78:40, 41). Awer wann een dat Richtegt mécht, dann ass hie frou. (Lies Sprüche 27:11.)

3. Wéi weist Jehova, datt hien eis gär huet?

Déi Eegenschaft vu Jehova, déi besonnesch erausstécht, ass d’Léift. D’Bibel seet esouguer, datt „Gott Léift ass (1. Johannes 4:8BFL). Jehova weist net nëmmen duerch d’Bibel, wéi gär hien eis huet, mee och duerch dat, wat hien alles erschafen huet. (Lies Apostelgeschichte 14:17.) Iwwerleeë mir emol, wéi Jehova eis gemaach huet: Mir kënnen alles faarweg gesinn, freeën eis iwwer schéi Musek an iwwer gutt Iessen. Jehova wëll, datt mir glécklech sinn.

AN DEN DETAIL GOEN

Jehova mécht erstaunlech Saachen. Wéi mécht hien dat? Wourun erkenne mir seng wonnerbar Eegenschaften?

4. Den hellege Geescht – Gott seng aktiv Kraaft

Esou wéi mir eis Hänn gebrauchen, fir eppes ze maachen, esou gebraucht Jehova säin hellege Geescht. D’Bibel weist kloer, datt den hellege Geescht keng Persoun ass, mee d’Kraaft, déi Gott gebraucht, fir Saachen ze bewierken. Lukas 11:13 an Apostelgeschichte 2:17 liesen. Dozou dës Froen:

  • Gott kann säin hellege Geescht op Mënschen „ausschëdden“, déi hien dorëm froen. Kann den hellege Geescht also eng Persoun sinn oder ass et Gott seng aktiv Kraaft? Firwat denks du esou?

Jehova gebraucht den hellege Geescht, fir impressionnant Saachen ze realiséieren. Psalm 33:6 an 2. Petrus 1:20, 21 liesen. Dozou dës Fro:

  • Fir wat alles huet Jehova säin hellege Geescht gebraucht?

5. Jehova seng Perséinlechkeet zitt een un

De Moses war schonn een treien Dénger vu Gott, awer hie wollt säi Schöpfer nach besser kenne léieren. Dofir huet hie Jehova gefrot: „Lass mich bitte deine Wege erkennen, damit ich dich kennenlerne“ (2. Mose 33:13). Doropshin huet Jehova dem Moses e puer vu sengen Eegenschafte matgedeelt. 2. Mose 34:4-6 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi huet Jehova sech hei beschriwwen?

  • Wat fir Eegenschafte vu Jehova gefalen dir besonnesch gutt?

6. Jehova interesséiert sech fir eis

D’Israelitten, Gott säi Vollek an aler Zäit, ware Sklaven an Ägypten. Wéi huet et Jehova beréiert, datt si gelidden hunn? D’OPNAM lauschteren an an der Bibel mat kucken, oder 2. Mose 3:1-10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi beréiert et Jehova, wa Mënsche leiden? (Dozou d’Verse 7 an 8.)

  • Denks du, datt Jehova de Mënsche wierklech hëllefe wëll an datt hien dat fäerdeg bréngt? Firwat denks du esou?

7. An der Natur gesäit ee Jehova seng Eegenschaften

Jehova weist seng Eegenschaften duerch dat, wat hien erschafen huet. De VIDEO kucken. Römer 1:20 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat fir Eegenschafte vu Jehova gesäis du an all deem, wat hie gemaach huet?

WANN EE SEET: „Vläicht gëtt et eppes iwwer eis, eng Kraaft, awer Gott ass keng reell Persoun fir mech.“

  • Wéi gesäis du dat?

  • Firwat denks du esou?

FAZIT

Jehova ass eng onsichtbar Geeschtpersoun. Seng Perséinlechkeet, besonnesch seng Léift, zitt een un.

Réckbléck

  • Firwat kënne mir Jehova net gesinn?

  • Wat ass den hellege Geescht?

  • Wat sinn e puer Eegenschafte vu Jehova?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat sinn déi véier wichtegst Eegenschafte vu Jehova?

„Wéi ass Gott?“ (Der Wachtturm, Nr. 1, 2019)

Wat schwätzt dogéint, datt Gott an allem an iwwerall ass?

„Ass Gott iwwerall?“ (Online-Artikel)

Firwat gëtt an der Bibel den hellege Geescht och als Gott seng „Hänn“ bezeechent?

„Wat ass den hellege Geescht?“ (Online-Artikel)

E Mann, dee blann ass, konnt sech net virstellen, datt Gott un him interesséiert ass. Firwat huet hien seng Meenung geännert?

„Ech ka fir anerer nëtzlech sinn“ (Der Wachtturm, 1. Oktober 2015)