Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 08

Du kanns Jehova säi Frënd sinn

Du kanns Jehova säi Frënd sinn

Jehova wëll, datt s du hie besser kenne léiers. Firwat? Hien hofft, datt s du säi Frënd wëlls sinn, wann s du méi doriwwer gewuer gëss, wéi hien ass, wéi hien denkt an handelt, a wat hie virhuet. Awer ass eng Frëndschaft mat Gott iwwerhaapt méiglech? (Lies Psalm 25:14.) Wat kanns du maachen, fir Gott säi Frënd ze ginn? D’Bibel gëtt eng Äntwert dorop a si weist, firwat Jehova de beschte Frënd ass, deen ee kann hunn.

1. Wat bitt Jehova eis un?

„Kommt méi no bei Gott, da kënnt hie méi no bei iech“ (Jakobus 4:8BFL). Wat bedeit dat? Jehova bitt eis seng Frëndschaft un. Awer Gott kann een net gesinn, dofir fält et ville schwéier, sech eng Frëndschaft mat him virzestellen. Awer alles, wat mir iwwer Jehova wësse mussen, fir him méi no ze kommen, fanne mir an der Bibel. Wa mir an der Bibel liesen, léiere mir Jehova ëmmer besser kennen an d’Frëndschaft zu him wiisst, och wa mir hien net gesinn.

2. Firwat ass Jehova de beschte Frënd, deen ee kann hunn?

Et gëtt keen aneren, deen dech esou gär huet ewéi Jehova. Hie wëll, datt mir glécklech sinn an eis ëmmer un hie wenden, wa mir Hëllef brauchen. D’Bibel seet: „[Werft] all är Suergen op hien ..., well hie sech ëm iech këmmert“ (1. Petrus 5:7BFL). Jehova ass ëmmer fir seng Frënn do, lauschtert hinnen no an tréischt si. (Lies Psalm 94:18, 19.)

3. Wat erwaart Jehova vu senge Frënn?

Jehova huet d’Mënschen all gär, awer „den Aufrichtigen gehört seine enge Freundschaft“ (Sprüche 3:32). Jehova erwaart vu senge Frënn, datt si probéieren dat ze maachen, wat a sengen Ae richteg ass an dat ze meiden, wat hien als schlecht ugesäit. Muencher denken, si kéinte Jehova sengen Ufuerderungen net gerecht ginn. Awer Jehova ass verständnisvoll an huet Matgefill. Hien akzeptéiert jiddwereen, dee säi Bescht fir hie mécht an hie wierklech gär huet (Psalm 147:11; Apostelgeschichte 10:34, 35).

AN DEN DETAIL GOEN

Wat kanns du maachen, fir Jehova säi Frënd ze ginn? Firwat ass Jehova de beschte Frënd, deen ee kann hunn?

4. Den Abraham war Jehova säi Frënd

De Bericht an der Bibel iwwer den Abraham (och Abram genannt) gëtt eis e klengen Abléck doran, wat et heescht, e Frënd vu Gott ze sinn. 1. Mose 12:1-4 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat huet Jehova vum Abraham verlaangt?

  • Wat huet Jehova him versprach?

  • Wéi huet den Abraham reagéiert?

5. Wat Jehova sech vu senge Frënn wënscht

Et ass normal, datt ee gewëssen Erwaardungen u seng Frënn huet.

  • Wat erwaarts du vun denge Frënn?

1. Johannes 5:3 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat erwaart Jehova vu senge Frënn?

Fir Jehova seng Geboter ze halen, musse mir vläicht un eisem Verhalen eppes änneren oder un eiser Perséinlechkeet schaffen. Jesaja 48:17, 18 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat wëll Jehova, datt seng Frënn esou muenches an hirem Liewen änneren?

E Frënd géif eis op e Feeler opmierksam maachen, well hien et gutt mat eis mengt. Jehova mécht dat och

6. Wat Jehova fir seng Frënn mécht

Jehova hëlleft senge Frënn mat Problemer eens ze ginn. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wéi huet Jehova dëser Fra gehollef, mat hiren negative Gefiller ëmzegoen?

Jesaja 41:10, 13 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat versprécht Jehova senge Frënn?

  • Denks du, datt Jehova fir dech e gudde Frënd kéint sinn? Firwat?

Gutt Frënn si fir dech do, wann s du si brauchs. Jehova ass och fir dech do

7. Zu enger Frëndschaft mat Jehova gehéiert Kommunikatioun

Zu enger gudder Frëndschaft gehéiert Kommunikatioun. Psalm 86:6, 11 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi kënne mir mat Jehova schwätzen?

  • Wéi schwätzt Jehova mat eis?

Mir schwätze mat Jehova duerch d’Gebiet an hie schwätzt mat eis duerch d’Bibel

WANN EE SEET: „E Frënd vu Gott sinn – dat kann ech mir net virstellen.“

  • Wat fir e Bibeltext géifs du gebrauche fir ze weisen, datt eng Frëndschaft mat Jehova méiglech ass?

FAZIT

Jehova wëll däi Frënd sinn an hie wëll dir hëllefen, datt s du och e Frënd vun him gëss.

Réckbléck

  • Wéi hëlleft Jehova senge Frënn?

  • Firwat wëll Jehova, datt seng Frënn muenches an hirem Liewen änneren?

  • Fënns du, datt Jehova ze vill vu senge Frënn erwaart? Firwat denks du esou?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi ännert sech eist Liewen duerch eng Frëndschaft mat Gott?

„Jehova Gott – et lount sech hien ze kennen“ (Der Wachtturm, 15. Februar 2003)

Eng Fra erzielt, wéi d’Frëndschaft mat Jehova hiert Liewe positiv verännert huet.

„Ech wollt net stierwen“ (Der Wachtturm, Nr. 1, 2017)

Jugendlecher beschreiwen hier Frëndschaft mat Jehova.

Wat heescht et, Gott säi Frënd ze sinn? (1:46)