Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 09

D’Gebiet stäerkt d’Frëndschaft mat Gott

D’Gebiet stäerkt d’Frëndschaft mat Gott

D’Gebiet kann dir a ville Situatiounen hëllefen, zum Beispill wann s du Uleedung oder gudde Rot am Liewe brauchs, oder du häss gär eng Äntwert op wichteg Froen. D’Gebiet kann dir och Trouscht ginn an et bréngt dech Gott méi no. Mee vläicht frees du dech: Wéi biet ee richteg? Lauschtert Gott op all Gebieder? A wat kann ech maachen, datt hien op meng Gebieder lauschtert?

1. Zu wiem soll ee bieden, an ëm wat?

Jesus huet geléiert, mir sollen nëmmen zu sengem Papp am Himmel bieden. Hie selwer huet och nëmmen zu Jehova gebiet. Hie sot: „Esou sollt dir bieden: Eise Papp am Himmel ...“ (Matthäus 6:9BFL). Wa mir mat Jehova am Gebiet schwätzen, gëtt eis Frëndschaft zu him méi staark.

Mir kënne praktesch ëm alles bieden. Wichteg ass, datt eis Gebieder Gott sengem Wëllen entspriechen. „Wa mir fir eppes froen, wat sengem Wëllen entsprécht, da lauschtert hien op eis“ (1. Johannes 5:14BFL). Jesus huet gewisen, ëm wat een alles biede kann. (Lies Matthäus 6:9-13.) Mir kënne mat Jehova iwwer perséinlech Saache schwätzen. Dobäi solle mir net vergiessen, Jehova Merci ze soen a fir anerer ze bieden.

2. Wéi soll ee bieden?

D’Bibel fuerdert eis op: „Vor ihm [Gott] schütte dein Herz aus“ (Psalm 62:8). Eis Gebieder sollen also éierlech sinn a vun Häerze kommen. Mir kënnen haart bieden oder a Gedanken, an dat ëmmer an iwwerall. Net eis Kierperhaltung ass wichteg, mee datt mir mat Respekt zu Jehova bieden.

3. Wéi äntwert Gott op eis Gebieder?

Jehova mécht dat op verschidde Manéieren. Hien huet eis zum Beispill d’Bibel ginn, wou mir oft Äntwerten op eis Froe fannen. An der Bibel ze liesen „macht den Unerfahrenen weise“ (Psalm 19:7; lies Jakobus 1:5). Wann et eis schlecht geet, ka Jehova eis ënnerlech Rou ginn an hie kann anerer motivéieren, eis ze hëllefen.

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi kann ee bieden, esou datt Gott sech doriwwer freet? Wat kann d’Gebiet bewierken?

4. Wat ass Gott wichteg, wann ee biet?

Wouvun hänkt et of, ob Gott eis Gebieder erhéiert oder net? De VIDEO kucken.

Jehova wëll, datt mir zu him bieden. Psalm 65:2 liesen. Dozou dës Froen:

  • Denks du, datt den „Hörer des Gebets“ frou ass, wann s du zu him biets? Firwat oder firwat net?

Gott lauschtert nëmmen dann op eis Gebieder, wa mir eis beméien, esou ze liewen, datt et him gefält. Micha 3:4 an 1. Petrus 3:12 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat musse mir maachen, datt Jehova op eis Gebieder lauschtert?

Am Krich gëtt op béide Säite gebiet fir ze gewannnen. Lauschtert Gott op esou Gebieder?

5. D’Gebieder solle vun Häerze kommen

Muench Leit si geléiert ginn, Gebieder ëmmer erëm auswenneg opzesoen. Awer wëll Gott dat? Matthäus 6:7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat kanns du maachen, fir beim Bieden net ëmmer an ëmmer erëm dat selwecht ze soen?

Du kéints Jehova all Dag fir eppes Bestëmmtes Merci soen. Wann s du dat eng ganz Woch laang méchs, dann hues du am Gebiet siwe verschidde Saachen erwäänt, ouni dech ze widderhuelen.

E gudde Papp wëll, datt säi Kand him seet, wat him um Häerz läit. Jehova wëll och, datt eis Gebieder vun Häerze kommen

6. D’Gebiet ass e Kaddo vu Gott

Wéi kann eis d’Gebiet Kraaft ginn, besonnesch dann, wann et eis net gutt geet? De VIDEO kucken.

D’Bibel versprécht eis duerch d’Gebiet ënnerlech Rou ze fannen. Philipper 4:6, 7 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi hëllefen d’Gebieder, och wann sech eis Situatioun vläicht net ännert?

  • Wat wëlls du Gott gär am Gebiet soen?

Gutt ze wëssen

Dat Wuert „Amen“ bedeit „esou soll et sinn“ oder „gewëss“. Schonn a bibelescher Zäit gouf et um Enn vu Gebieder gesot (1. Chronika 16:36).

7. Huel dir Zäit fir ze bieden

Heiansdo si mir esou beschäftegt, datt mir vergiessen ze bieden. Wéi wichteg war d’Gebiet fir Jesus? Matthäus 14:23 a Markus 1:35 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat huet Jesus gemaach, fir Zäit ze fanne fir ze bieden?

  • Wéini kéints du Zäit fanne fir ze bieden?

WANN EE SEET: „Fir mech bréngt d’Bieden näischt. Et lauschtert dach keen no.“

  • Wat sees du dozou?

FAZIT

Duerch éierlech Gebieder komme mir Gott méi no, kréien ënnerlech Rou an déi néideg Kraaft, fir dat ze maachen, wat Jehova gefält.

Réckbléck

  • Zu wiem solle mir bieden?

  • Wéi solle mir bieden?

  • Wat bréngt et eis, wa mir bieden?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi wichteg si Gebieder a wéi kënnen eis Gebieder besser ginn?

„Firwat soll ech bieden?“ (Online-Artikel)

Zu wiem soll ee bieden? Wat seet d’Bibel dozou?

„Ass et richteg, zu Helleger ze bieden?“ (Online-Artikel)

Dëse Museksvideo weist, wéini a wou ee biede kann.

Biet all Dag (1:22)