Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 12

D’Bibel weiderstudéieren – wat dir hëlleft net opzeginn

D’Bibel weiderstudéieren – wat dir hëlleft net opzeginn

D’Bibelstudium ass ewéi eng Rees op där et vill ze entdecke gëtt, awer déi Rees ass net ëmmer esou einfach. Et ka sinn, datt s du op engem Punkt ukënns, wou et dir schwéier fält weiderzestudéieren. Wat kann dir dann hëllefen net opzeginn? A firwat lount et sech, weiderzemaachen?

1. Firwat lount et sech, d’Bibel ze studéieren?

„D’Wuert vu Gott ass lieweg a mächteg“ (Hebräer 4:12BFL). D’Bibel ass wäertvoll, well si eis weist, wéi Gott iwwer eis denkt a wéi frou hie mat eis ass. Si vermëttelt net nëmme Wëssen, mee gëtt och gudde Rot an eng Hoffnung. Dat Wichtegst ass, datt si eis hëlleft, e Frënd vu Jehova ze ginn. Wann s du d’Bibel studéiers, léiss du zou, datt si e positiven Afloss op däi Liewen huet.

2. Firwat ass et wichteg, de Wäert vun der Bibel ze erkennen?

An der Bibel fanne mir Wouerechten, déi wéi e wäertvolle Schatz sinn. Dofir fuerdert si eis op: „Kauf Wahrheit und verkauf sie nie“ (Sprüche 23:23). Wann een sech bewosst ass, wéi wäertvoll déi Wouerecht aus der Bibel ass, setzt een alles dru fir weiderzestudéieren, och wann et net ëmmer einfach ass. (Lies Sprüche 2:4, 5.)

3. Wéi ka Jehova dir hëllefe weiderzestudéieren?

Jehova ass net nëmmen den allmächtege Schöpfer, mee och däi Frënd, deen dir hëllefe wëll, hie besser kennen ze léieren. Hie kann dir „souwuel de Wonsch wéi och d’Kraaft“ ginn, dat ze maachen, wat him gefält. (Lies Philipper 2:13.) Wann et dir emol u Motivatioun feelt fir weiderzestudéieren oder dat ëmzesetzen wat s du léiers, kann hien dir dobäi hëllefen. A wa Schwieregkeete kommen oder een dogéint ass, datt s du d’Bibel studéiers, kann hien dir d’Kraaft ginn, weiderzemaachen. Fro hien also ëmmer erëm ëm seng Hëllef (1. Thessalonicher 5:17).

AN DEN DETAIL GOEN

Wat kanns du maachen, wann s du wéineg Zäit hues, d’Bibel ze studéieren oder een dech dovun ofbrénge wëll? A wéi ka Jehova dir hëllefe weiderzemaachen?

4. Dem Bibelstudium Prioritéit ginn

Heiansdo denkt een, et hätt ee keng Zäit d’Bibel ze studéieren, well een ze vill ze dinn huet. Wat kann engem dann hëllefen? Philipper 1:10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat gehéiert fir dech zu deene Saachen, op déi et „wierklech ukënnt“?

  • Wéi kanns du d’Bibelstudium zur Prioritéit an dengem Liewe maachen?

  1. Wann een an e Behälter fir d’éischt Sand mécht an dann d’Steng, passen d’Steng net all dran

  2. Mécht ee fir d’éischt Steng an de Behälter, passt bal de ganze Sand nach dran. Wann een deem, wourop et am Liewe „wierklech ukënnt“, Prioritéit gëtt, bleift ëmmer nach genuch Zäit fir aner Saachen

Mir Mënschen hunn d’Bedierfnes, Gott kennen ze léieren an hien unzebieden, an d’Bibelstudium deckt dëse Besoin. Matthäus 5:3 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat hu mir dovun, wa mir dem Bibelstudium Prioritéit ginn?

5. Looss dech net vun dengem Bibelstudium ofhalen

Et ka sinn, datt et aneren net gefält, datt s du d’Bibel studéiers. Esou ass et dem Francesco gaangen. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wéi hunn dem Francesco seng Famill a Frënn reagéiert, wéi hien hinnen erzielt huet, wat hien aus der Bibel geléiert huet?

  • Firwat war et gutt, datt hien net opginn huet?

2. Timotheus 2:24, 25 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi denken deng Famill a Frënn iwwer dat, wat s du aus der Bibel léiers?

  • Wat weisen dës Verse wéi s du reagéiere solls, wann een dogéint ass, datt s du d’Bibel studéiers? Firwat ass dat gutt?

6. Vertrau op Jehova seng Hëllef

Wat mir Jehova besser kenne léieren, wat et eis méi wichteg gëtt, him ze gefalen. Trotzdeem kann et eis schwéier falen, eist Liewen esou ze änneren, datt et Jehova sengen Normen entsprécht. Wann et dir och esou geet, da gëff net op. Jehova hëlleft dir. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wat huet den Jim a sengem Liewe geännert, fir Jehova ze gefalen?

  • Wat beandrockt dech u sengem Beispill?

Hebräer 11:6 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat mécht Jehova fir all déi, déi hie „wierklech sichen“ – sech also beméien, hie kennen ze léieren an him ze gefalen?

  • Wéi empfënnt Jehova, wann hie gesäit, wéi s du alles drusetz, d’Bibel ze studéieren?

WANN EE FREET: „Firwat studéiers du mat den Zeie vu Jehova d’Bibel?“

  • Wéi géifs du dorop äntweren?

FAZIT

D’Bibel ze studéieren ass net ëmmer einfach, awer du hues eppes dovun, an zwar e glécklecht Liewen – an dat fir ëmmer. Jehova belount dech, wann s du dech weider op hie verléiss.

Réckbléck

  • Firwat sinn d’Wouerechten aus der Bibel esou wäertvoll fir dech?

  • Wéi kanns du Zäit fanne fir déi Saachen, op déi et „wierklech ukënnt“?

  • Firwat solls du Jehova froen, dir ze hëllefen, weider d’Bibel ze studéieren?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Véier Methoden, déi scho ville gehollef hunn, hir Zäit gutt ze notzen.

„Wéi een seng Zäit gutt investéiert“ (Erwachet!, Februar 2014)

Eng Fra erzielt, wéi Jehova hir gehollef huet, weiderzestudéieren, obwuel hire Mann dogéint war.

Jehova gëtt eis Kraaft mat Belaaschtungen eens ze ginn (5:05)

E Mann erzielt, wéi gutt et war, datt seng Fra net mam Bibelstudium opgehalen huet.

Ech hunn d’Wouerecht ugeklot (6:30)

Den Zeie vu Jehova gëtt munchmol virgeworf, si géife Familljen auserneebréngen. Stëmmt dat?

„Zerstéieren Zeie vu Jehova Bestietnesser a Familljen?“ (Online-Artikel)