Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 16

Wat huet Jesus gemaach, wéi hien op der Äerd war?

Wat huet Jesus gemaach, wéi hien op der Äerd war?

Vill Mënsche gesi Jesus als klenge Bëbee, als besonnesche Prophéit oder als e Mann, dee grausam higeriicht ginn ass. Et gëtt awer nach vill méi, wat een iwwer Jesus ka gewuer ginn. Wat seet d’Bibel iwwer säi Liewen op der Äerd? Wat war him besonnesch wichteg? A wéi betrëfft dat eis?

1. Wat war Jesus seng wichtegst Aufgab?

Jesus sot, hien ass geschéckt ginn, fir „d’gutt Noriicht vu Gott sengem Kinnekräich“ bekanntzemaachen. (Lies Lukas 4:43.) Hien huet vun engem Kinnekräich geschwat, dat Gott opriichte géif – eng Regierung, déi all d’Problemer vun der Mënschheet léist. a Wärend dräi an en halleft Joer huet Jesus dës gutt Noriicht mat vollem Asaz verbreet (Matthäus 9:35).

2. Firwat huet Jesus Wonner gewierkt?

D’Bibel schwätzt vu ville „mächtigen Taten, Wundern und Zeichen, die Gott durch [Jesus] ... geschehen ließ“ (Apostelgeschichte 2:22). Mat der Kraaft vu Gott konnt Jesus d’Wieder kontrolléieren, Dausenden eppes z’iesse ginn, Kranker heelen an esouguer Doudeger erëm zum Liewe bréngen (Matthäus 8:23-27; 14:15-21; Markus 6:56; Lukas 7:11-17). Dës Wonner hu kloer an däitlech gewisen, datt Jesus vu Gott geschéckt gouf. A si weisen och, datt Jehova d’Muecht huet, all eis Problemer ze léisen.

3. Wat kënne mir vu Jesus léieren?

Jesus huet Jehova an all Situatioun gefollegt. (Lies Johannes 8:29.) Jesus huet ëmmer dat gemaach, wat säi Papp wollt, obwuel vill Leit versicht hunn, hien dorun ze hënneren. Hien ass him trei bliwwe bis an den Doud an huet bewisen, datt d’Mënschen och ënner schwieregen Ëmstänn Gott dénge kënnen. Doduerch huet Jesus eis e Beispill hannerlooss, fir datt mir genee a senge Foussspuere goe kënnen (1. Petrus 2:21).

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi huet Jesus déi gutt Noriicht bekanntgemaach? A firwat huet hie Wonner gewierkt?

4. Jesus huet déi gutt Noriicht verbreet

Jesus war Honnerte vu Kilometer op stëbsege Stroossen ënnerwee, fir esou vill Mënsche wéi méiglech mat der gudder Noriicht ze erreechen. Lukas 8:1 liesen. Dozou dës Froen:

  • Huet Jesus nëmmen deene Mënsche gepriedegt, déi bei hie komm sinn?

  • Wat fir eng Méi huet Jesus sech gemaach, fir Mënschen ze erreechen?

Gott hat virausgesot, datt de Messias eng gutt Noriicht verkënnege géif. Jesaja 61:1, 2 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi huet Jesus dës Prophezeiung erfëllt?

  • Denks du, datt d’Mënschen déi gutt Noriicht haut och brauchen?

5. Jesus huet nëtzlech Rotschléi ginn

Jesus huet net nëmmen déi gutt Noriicht vu Gott sengem Kinnekräich gepriedegt, hien huet och wichteg Prinzippie fir den Alldag geléiert. Puer Beispiller dofir fanne mir a senger berüümter Biergpriedegt. Matthäus 6:14, 34 a 7:12 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi e Rot huet Jesus ginn?

  • Mengs du, datt dëse Rot haut nach aktuell ass?

6. Jesus huet Wonner gewierkt

Jehova huet Jesus Kraaft ginn, fir Wonner ze wierken. E Beispill: Markus 5:25-34 liesen oder de VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Vu wat war dës Fra iwwerzeegt?

  • Wat beandrockt dech un dësem Wonner?

Johannes 5:36 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat hu Jesus seng Wonner bewisen?

Gutt ze wëssen

Dat meescht, wat mir iwwer Jesus wëssen, steet an de véier Evangelien – d’Bibelbicher Matthäus, Markus, Lukas a Johannes. All Schreiwer erwäänt aner Detailer iwwer Jesus. All dës Detailer ergänzen sech an erginn e faszinéierend Bild vu Jesus sengem Liewen.

  • MATTHÄUS

    Hien huet säin Evangelium fir d’éischt geschriwwen an huet Jesus seng Léieren an dat, wat Jesus iwwer d’Kinnekräich vu Gott gesot huet, besonnesch ervirgehuewen.

  • MARKUS

    Säin Evangelium ass méi kuerz ewéi déi aner a ganz spannend ze liesen.

  • LUKAS

    Hien huet gewisen, wéi wichteg d’Gebiet fir Jesus war, a wéi Jesus mat Fraen ëmgaangen ass.

  • JOHANNES

    Vun him gi mir vill iwwer Jesus seng Perséinlechkeet gewuer, well hie vill Gespréicher opgeschriwwen huet, déi Jesus mat Frënn an aneren hat.

WANN EE SEET: „Jesus war einfach nëmmen e gudde Mënsch, méi net.“

  • Wat denks du?

FAZIT

Jesus huet Gott säi Kinnekräich bekannt gemaach, Wonner gewierkt a Jehova an all Situatioun gefollegt.

Réckbléck

  • Wat war Jesus seng wichtegst Aufgab op der Äerd?

  • Wat hu Jesus seng Wonner bewisen?

  • Wat fir nëtzlech Rotschléi huet Jesus ginn?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi Jesus säi Beispill, sech ëm anerer ze këmmeren, engem Mann gehollef huet, ëmzedenken.

„A mengem Liewen ass et just ëm mech gaangen“ (Der Wachtturm, 1. Oktober 2014)

Wichteg Ereegnesser am Liewe vu Jesus a chronologescher Reiefolleg.

„Jesus säi Liewen op der Äerd“ (Die Bibel. Neue-Welt-Übersetzung, Anhang A7)

a Méi Detailer iwwer Gott säi Kinnekräich ginn an de Lektiounen 31 bis 33 beschwat.