Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 24

Wat seet d’Bibel iwwer Engelen?

Wat seet d’Bibel iwwer Engelen?

Jehova wëll, datt mir seng Famill am Himmel kenne léieren. Zu dëser Famill gehéieren Engelen, déi och „Söhne Gottes“ genannt ginn (Hiob 38:7). Wat seet d’Bibel iwwer Engelen? Hunn si en Afloss op eis? Gehéieren all Engelen zu Gott senger Famill?

1. Wie sinn d’Engelen?

Jehova huet Engelen erschafen, éier hien d’Äerd gemaach huet. Esou wéi hie sinn och si onsichtbar Geeschtwiesen, déi am Himmel liewen (Hebräer 1:14). Et gi Millioune vun Engelen a jiddwer Eenzelen huet seng eege Perséinlechkeet (Offenbarung 5:11). Si lauschteren op Jehova seng Stëmm a féieren seng Befeeler aus (Psalm 103:20). A bibelescher Zäit huet Jehova munchmol Engele geschéckt, fir Noriichte weiderzeginn, sengem Vollek ze hëllefen an et ze retten. Haut guidéieren Engele Chrëschte bei Persounen, déi Gott wëlle kenne léieren.

2. Wie sinn den Däiwel an d’Dämonen?

Muench Engele si Jehova net trei bliwwen. Vum éischten Engel, dee rebelléiert huet, gëtt gesot, datt hien den „Däiwel oder Satan genannt gëtt an ... d’ganz Welt ierféiert“ (Offenbarung 12:9BFL). Den Däiwel wollt iwwer anerer herrschen. Hien huet déi éischt Mënschen a spéider och Engelen dozou bruecht, sech him unzeschléissen. Dës ontrei Engele ginn Dämone genannt. Si goufen aus dem Himmel verbannt an op d’Äerd erofgehäit a gi vernicht. (Lies Offenbarung 12:9, 12.)

3. Wéi probéieren den Däiwel an d’Dämonen, eis ierzeféieren?

Den Däiwel an d’Dämonen täuschen d’Mënschen duerch Spiritismus an Okkultismus. Dozou gehéiert alles, wouduerch een direkt oder indirekt mat der Geeschterwelt kommunizéiert. Muncher ginn zum Beispill bei Astrologen, Warsager oder Hellseeër oder versichen, mat Doudegen ze schwätzen. Anerer liesen Horoskoper oder entscheeden sech fir Behandlungen, déi mat Spiritismus ze dinn hunn. Awer Jehova warnt eis: „Wendet euch nicht an die Geistermedien und sucht keine Wahrsager auf“ (3. Mose 19:31). Hie seet dat, well hien eis virum Däiwel an den Dämone schütze wëll. Si si Gott seng Feinden a wëllen eis schueden.

AN DEN DETAIL GOEN

Wat maachen trei Engelen? Firwat ass Spiritismus esou geféierlech a wéi kënne mir eis virum Däiwel an den Dämone schützen?

4. D’Engelen hëllefe Mënschen, Jehova kennen ze léieren

D’Engele priedege Mënschen net direkt, mee si féieren déi, déi d’gutt Noriicht verkënnegen, zu Mënschen, déi méi iwwer Gott wësse wëllen. Offenbarung 14:6, 7 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat brauche mir d’Hëllef vun den Engele beim Priedegen?

  • Wéi beréiert et dech, datt d’Engelen dech zu Mënsche féiere kënnen, déi méi iwwer d’Bibel wëlle gewuer ginn?

5. Nee zu Spiritismus

Den Däiwel an d’Dämone si Jehova seng Feinden. Si sinn och eis Feinden. Lukas 9:38-42 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi ginn d’Dämone mat Mënschen ëm?

Mir wëllen den Dämone keng Chance ginn, eis ze beaflossen. 5. Mose 18:10-12 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi probéieren d’Dämonen, eis ze beaflossen a mat eis ze kommunizéieren? Wat fir Forme vu Spiritismus oder Okkultismus ginn et an denger Géigend?

  • Kanns du novollzéien, firwat Jehova esou Praktike verbitt?

De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Denks du, datt d’Amulett vun deem klenge Meedchen eng Gefor duergestallt huet? Firwat?

  • Wat huet d’Palesa misse maachen, fir sech virun den Dämonen ze schützen?

Echt Chrëschten hunn sech schonn ëmmer géint den Afloss vun den Dämone gewiert. Apostelgeschichte 19:19 an 1. Korinther 10:21 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat ass et wichteg, alles ze vernichten, wat mat Spiritismus ze dinn huet?

6. De Kampf géint den Däiwel an d’Dämone gewannen

D’Dämone gi vum Däiwel beherrscht. Awer déi trei Engele gi vum Äerzengel Michael (en anere Numm fir Jesus) ugeféiert. Wéi mächteg ass den Äerzengel Michael? Offenbarung 12:7-9 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wien ass méi staark – de Michael an seng Engelen oder den Däiwel an seng Dämonen?

  • Musse Jesus seng Nofollger Angscht virum Däiwel an den Dämonen hunn? Wat denks du?

Et kann een de Kampf géint den Däiwel an d’Dämone gewannen. Jakobus 4:7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kanns du dech virum Däiwel an den Dämone schützen?

WANN EE SEET: „Filmer a Spiller, an deenen et ëm Zauberei an Hexe geet, sinn dach net schlëmm.“

  • Firwat ass esou eng Astellung geféierlech?

FAZIT

Trei Engelen hëllefen eis. Den Däiwel an d’Dämone si Jehova seng Feinden. Si probéieren d’Mënschen duerch Spiritismus an Okkultismus ze beaflossen.

Réckbléck

  • Wéi hëllefen d’Engele Mënschen, Jehova kennen ze léieren?

  • Wie sinn den Däiwel an d’Dämonen?

  • Firwat wëlls du näischt mat Spiritismus an Okkultismus ze dinn hunn?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi kënnt een zu dem Schluss, datt et sech beim Äerzengel Michael ëm Jesus handelt?

„Wien ass den Äerzengel Michael?“ (Online-Artikel)

Ass den Däiwel nëmmen dat Béist am Mënsch?

„Gëtt et den Däiwel wierklech?“ (Online-Artikel)

Wéi sech eng Fra vum Afloss vun den Dämone befreie konnt.

„Si huet e Sënn am Liewe fonnt“ (Der Wachtturm, 1. Juli 1993)