Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 27

Wéi ka Jesus säin Doud eis retten?

Wéi ka Jesus säin Doud eis retten?

Mir sënnegen, leiden a stierwen, well déi éischt Mënschen, den Adam an d’Eva, Gott net gefollegt hunn. a Awer eis Situatioun ass net hoffnungslos. Jehova huet duerch den Doud vu sengem Jong, Jesus Christus, fir en Auswee gesuergt. D’Bibel seet, datt Jesus duerch säin Doud e Léisegeld bezuelt huet. E Léisegeld gëtt bezuelt, fir eng Persoun fräizekafen. De Präis, dee Jesus bezuelt huet, war säi vollkomment mënschlecht Liewen. (Lies Matthäus 20:28.) Well Jesus vollkomme war, hätt hien éiweg op der Äerd liewe kënnen. Mee hien huet gär dorop verzicht, fir datt mir dat erëmkréien, wat den Adam an d’Eva verluer haten. Jesus huet eis och gewisen, wéi gär hien a Jehova eis hunn. Dës Lektioun hëlleft dir bestëmmt deng Wäertschätzung fir Jesus säin Doud ze verdéiwen.

1. Wat ass duerch Jesus säin Doud haut scho méiglech?

Mir sënnegen a maache vill Saachen, déi Jehova net gefalen. Trotzdeem ass eng Frëndschaft mat him méiglech. Wéi? Eis Feeler mussen eis wierklech leeddoen. Da musse mir Jehova duerch Jesus Christus froen, eis ze verzeien an eis druginn, déi Feeler net méi ze maachen (1. Johannes 2:1). D’Bibel seet: „Christus ist ein für alle Mal für Sünden gestorben – ein Gerechter für Ungerechte –, um euch zu Gott zu führen“ (1. Petrus 3:18).

2. Wat ass duerch Jesus säin Doud an Zukunft méiglech?

Jesus gouf vu Jehova op d’Äerd geschéckt, fir säi vollkomment mënschlecht Liewen ze ginn, „fir datt jiddwereen, deen un hie [Jesus] gleeft, net vernicht gëtt, mee éiwegt Liewen huet“ (Johannes 3:16). Doduerch, datt den Adam Jehova net gefollegt huet, huet hie vill Misär iwwer eis bruecht. Well Jesus fir eis gestuerwen ass, ka Jehova dat geschwënn erëm réckgängeg maachen. Wa mir also un dat Affer vu Jesus gleewen, hu mir d’Méiglechkeet, fir ëmmer an engem Paradis op der Äerd ze liewen (Jesaja 65:21-23).

AN DEN DETAIL GOEN

Méi Eenzelheeten dozou, firwat Jesus huet misse stierwen a wat dat fir eis bedeit.

3. Jesus säin Doud befreit eis vu Sënn an Doud

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wat hätt den Adam kënnen hunn, wann hie Gott gefollegt hätt?

Römer 5:12 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi wierkt sech dem Adam seng Sënn op eist Liewen aus?

Johannes 3:16 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat huet Jehova säi Jong op d’Äerd geschéckt?

  1. Den Adam war e vollkommene Mënsch, dee Gott net gefollegt huet an esou d’Sënn an den Doud iwwer d’Mënsche bruecht huet

  2. Jesus war e vollkommene Mënsch, dee Gott gefollegt huet an esou erméiglecht hien eis, als vollkomme Mënsche fir ëmmer ze liewen

4. Vu Jesus sengem Doud ka jiddweree profitéieren

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wéi kënnen duerch den Doud vun engem Mënsch all Mënsche profitéieren?

1. Timotheus 2:5, 6 liesen. Dozou dës Fro:

  • Den Adam war vollkommen an huet d’Sënn an den Doud iwwer d’Mënsche bruecht. Jesus war och vollkommen. Firwat kann ee soen, datt Jesus en „entsprechendes Lösegeld“ ginn huet?

5. D’Léisegeld ass e Kaddo vu Jehova fir dech

Jehova seng Frënn betruechten d’Léisegeld als e perséinleche Kaddo. Galater 2:20 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wouru gesäit een, datt den Apostel Paulus d’Léisegeld als e perséinleche Kaddo ugesinn huet?

Duerch dem Adam seng Sënn waren hien a seng Nokommen zum Doud verurteelt. Awer Jehova huet säi Jong op d’Äerd geschéckt, fir datt hie fir eis stierft, a mir esou d’Méiglechkeet hunn, fir ëmmer ze liewen.

Stell dir beim Liese vun de Bibelverse vir, wéi Jehova sech gefillt muss hunn, wéi hie gesinn huet, datt säi Jong gelidden huet. Johannes 19:1-7, 16-18 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi beréiert dech dat, wat Jehova a Jesus fir dech gemaach hunn?

WANN EE FREET: „Wéi kann den Doud vun engem Mënsch all Mënsche retten?“

  • Wéi géifs du op dës Fro äntweren?

FAZIT

Jesus säin Doud ass d’Grondlag dofir, datt Jehova eis Sënne verzeie kann. An doduerch kënne mir fir ëmmer liewen.

Réckbléck

  • Firwat ass Jesus gestuerwen?

  • Firwat war Jesus säi vollkomment mënschlecht Liewen en „entsprechendes Lösegeld“?

  • Wat ka Jesus säin Doud fir dech bedeiten?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Firwat nennt d’Bibel Jesus säi vollkomment mënschlecht Liewen e Léisegeld?

„Firwat ass Jesus säin Affer ‚ein Lösegeld für viele‘?“ (Online-Artikel)

Wat musse mir maachen, fir gerett ze ginn?

„Jesus rett d’Mënschen – wéi?“ (Online-Artikel)

Ka Jehova och schwéier Sënne verzeien?

„Froen zu der Bibel“ (Der Wachtturm, 1. Mai 2013)

Wéi e Mann verstanen huet, wat duerch d’Léisegeld méiglech ass, huet hien sech geännert.

„Ech loosse mech net méi vu Gewalt beherrschen“ (Online-Artikel)

a An der Bibel gëtt dat Wuert „sënnegen“ oder „Sënn“ net nëmmen da gebraucht, wa mir eppes falsch maachen, mee och fir den Zoustand, an deem mir vu Gebuert aus u sinn.