LEKTIOUN 28
Wéi s du Jehova a Jesus weise kanns, datt s du dankbar bass
Wéi fills du dech, wann e Frënd dir e besonnesche Kaddo mécht? Bestëmmt frees du dech doriwwer a wëlls dengem Frënd weisen, wéi vill dir dat bedeit. Jehova a Jesus hunn eis de beschte Kaddo gemaach, deen et gëtt: d’Léisegeld. Wéi kënne mir hinne weisen, datt mir dofir dankbar sinn?
1. Wéi kënne mir Jehova a Jesus eis Dankbarkeet weisen?
D’Bibel versprécht, datt „jiddwereen, deen un hie [Jesus] gleeft“, éiweg liewe kann (Johannes 3:16). Wéi weist een, datt een u Jesus gleeft? Duerch déi Entscheedungen, déi een trëfft an duerch dat, wat ee mécht. Et ass en aktive Glawen (Jakobus 2:17). Wa mir Glawe weisen duerch dat, wat mir soen a maachen, da gëtt eis Frëndschaft zu Jesus a sengem Papp Jehova méi staark. (Lies Johannes 14:21.)
2. Bei wat fir enger besonnescher Geleeënheet kënne mir eis Dankbarkeet weisen?
Den Owend éier Jesus gestuerwen ass, huet hien senge Jünger nach eng aner Méiglechkeet gewisen, wéi si fir säin Affer dankbar kéinte sinn. Hien huet mat hinnen dat, wat d’Bibel „Abendmahl des Herrn“ nennt, gefeiert (1. Korinther 11:20). Dës Feier sollt seng Apostelen – an all echt Chrëschten no hinnen – dorun erënneren, datt hien säi Liewe fir eis alleguer ginn huet. Dowéinst sot Jesus: „Tut dies immer wieder zur Erinnerung an mich“ (Lukas 22:19). Wa mir dës Gedenkfeier besichen, weise mir eis Dankbarkeet fir déi immens grouss Léift, déi Jehova a Jesus fir eis hunn.
AN DEN DETAIL GOEN
Wéi kënne mir Jehova a Jesus nach weisen, datt mir dankbar si fir hir Léift? A firwat ass d’Gedenkfeier u Jesus säin Doud esou wichteg?
3. Wéi mir eis Dankbarkeet weise kënnen
Stell dir vir, een huet dir d’Liewe gerett. Géifs du einfach vergiessen, wat dës Persoun fir dech gemaach huet? Oder géifs du iwwerleeën, wéi s du hir weise kanns, datt s du dankbar bass?
Mir verdanke Jehova eist Liewen. 1. Johannes 4:8-10 liesen. Dozou dës Froen:
-
Firwat ass Jesus säin Affer e besonnesche Kaddo?
-
Wéi beréiert dech dat, wat Jehova a Jesus fir dech gemaach hunn?
Wéi kënne mir eis Dankbarkeet weise fir dat, wat Jehova a Jesus fir eis gemaach hunn? 2. Korinther 5:15 an 1. Johannes 4:11; 5:3 liesen. Zu all Vers dës Fro:
-
Wéi kënne mir weisen, datt mir dankbar sinn?
4. Jesus imitéieren
Eis Dankbarkeet kënne mir och weisen, wa mir probéieren, esou ze sinn ewéi Jesus. 1. Petrus 2:21 liesen. Dozou dës Fro:
-
Wéi kanns du Jesus senge Foussspueren nogoen an dir un him e Beispill huelen?
5. D’Gedenkfeier u Jesus säin Doud besichen
Wéi beschreift d’Bibel dat éischt Abendmahl? Lukas 22:14, 19, 20 liesen. Dozou dës Froen:
-
Wéi ass dat éischt Abendmahl ofgelaf?
-
Woufir stinn d’Brout an de Wäin? (Dozou d’Versen 19 an 20.)
Jesus wollt, datt seng Jünger d’Abendmahl all Joer op sengem Doudesdag feieren. Dofir versammelen sech och d’Zeie vu Jehova all Joer, fir dem Doud vu Jesus ze gedenken, esou wéi hien dat wollt. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:
-
Wéi leeft d’Gedenkfeier bei den Zeie vu Jehova of?
D’Brout an de Wäin si Symboler. D’Brout steet fir de vollkommene mënschleche Kierper, dee Jesus fir eis ginn huet. De Wäin steet fir säi Blutt
WANN EE SEET: „Et geet duer, wann een u Jesus gleeft, fir gerett ze ginn.“
-
Wéi kanns du mat Johannes 3:16 a Jakobus 2:17 erklären, wat echte Glawen ass?
FAZIT
Mir weisen eis Dankbarkeet fir dat, wat Jesus fir eis gemaach huet, wa mir eise Glawen ausliewen an d’Gedenkfeier un säin Doud besichen.
Réckbléck
-
Wat bedeit et, u Jesus ze gleewen?
-
Wéi kéints du Jehova a Jesus weisen, datt s du dankbar bass?
-
Firwat ass et esou wichteg, d’Gedenkfeier u Jesus säin Doud ze besichen?
MÉI GEWUER GINN
Christus huet säi Liewe fir eis ginn. Zu wat motivéiert eis dat?
Hien huet Jehova mat sengem mënschleche Kierper geéiert (9:28)
Wat ass Glawen a wéi kënne mir e weisen?
„Glawen u Jehova seng Verspriechen ausüben“ (Der Wachtturm, Oktober 2016)
Eng Fra huet intensiv iwwer d’Léisegeld nogeduecht a konnt du soen: „Ech hunn e ganz neit Liewensgefill.“
Beim Abendmahl huelen nëmmen e puer vum Brout a Wäin. Firwat?