Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 30

Verstuerwener kënnen erëm liewen!

Verstuerwener kënnen erëm liewen!

Den Doud bréngt vill Trauer a Leed mat sech. Dowéinst nennt d’Bibel den Doud e Feind (1. Korinther 15:26). An der Lektioun 27 goung et dorëm, wéi Jehova dofir suergt, datt et dee Feind net méi gëtt. Awer wat ass mat all de Mënschen, déi scho gestuerwe sinn? Jehova huet versprach, Milliarde Verstuerwener erëm zum Liewen ze bréngen an hinnen éiwegt Liewen ze ginn. Am Himmel oder op der Äerd? Ass eng Operstéiung iwwerhaapt méiglech?

1. Wat wëll Jehova fir Verstuerwener maachen?

Jehova verlaangert dono, Mënschen, déi gestuerwe sinn, erëm zum Liewen zeréckzebréngen. Den Hiob, e Mann mat engem staarke Glawen, war dovun iwwerzeegt, datt Gott hien och no sengem Doud net vergiesse géif. Hie sot zu Gott: „Du wirst rufen und ich werde dir [aus dem Grab] antworten.“ (Lies Hiob 14:13-15.)

2. Firwat wësse mir, datt déi Verstuerwen erëm liewe kënnen?

Wéi Jesus op der Äerd war, huet Gott him d’Muecht ginn, Mënschen erëm zum Liewen ze bréngen. Zum Beispill bei engem 12 Joer ale Meedchen a beim Jong vun enger Wittfra (Markus 5:41, 42; Lukas 7:12-15). Spéider ass Jesus säi Frënd, de Lazarus gestuerwen. An obwuel hie scho véier Deeg am Graf louch, huet Jesus zu Gott gebiet a geruff: „Lazarus, komm eraus!“ an „de Mann, deen dout war, koum eraus“ – hie war erëm lieweg (Johannes 11:43, 44BFL). Stell dir vir, wéi frou dem Lazarus seng Famill a Frënn waren!

3. Wat fir eng Hoffnung gëtt et fir Verstuerwener?

D’Bibel versprécht, „datt et eng Operstéiung vun den Doudege gëtt“ (Apostelgeschichte 24:15BFL). Déi Mënschen, déi Jesus erëm zum Liewe bruecht huet, waren no hirem Doud net an den Himmel komm (Johannes 3:13). Si ware frou, datt Jesus hinnen d’Liewen hei op der Äerd zeréckginn huet. Geneesou erwächt Jesus geschwë Milliarde Mënschen aus dem Doud a gëtt hinnen éiwegt Liewen an engem Paradis op der Äerd. Hie sot, datt all déi, déi a Gott sengem Gediechtnes sinn, erëm zum Liewe kommen – och déi, un déi sech soss kee méi erënnert (Johannes 5:28, 29, Foussnout).

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat kënne mir sécher sinn, datt Jesus net nëmmen d’Muecht huet, Verstuerwener erëm zum Liewen ze bréngen, mee et och mécht? A wéi kann eis d’Hoffnung op d’Operstéiung haut schonn tréischten?

4. Jesus huet bewisen, datt hien déi Doudeg erëm lieweg maache kann

Wat huet Jesus fir säi Frënd, de Lazarus, gemaach? Johannes 11:14, 38-44 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat weess een, datt de Lazarus wierklech dout war? (Dozou de Vers 39.)

  • Ugeholl, de Lazarus wier no sengem Doud am Himmel gewiescht, hätt Jesus hien da vun do erëm zeréckgeholl?

De VIDEO kucken.

5. Milliarde Mënsche kréien eng Operstéiung!

Psalm 37:29 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wou liewen déi Milliarde Mënschen, déi erëm zum Liewe kommen?

Jesus bréngt net nëmmen déi erëm zum Liewen, déi Jehova ugebiet hunn, mee och vill anerer. Apostelgeschichte 24:15 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wiem wënschs du, datt hien erëm liewe géif?

Esou einfach ewéi et fir e Papp ass, säi Kand aus dem Schlof ze erwächen, esou einfach ass et fir Jesus, een aus dem Doud ze erwächen

6. D’Hoffnung op eng Operstéiung kann dech tréischten

De Bericht aus der Bibel iwwer d’Meedche vum Jairus huet scho ville Mënschen, déi traueren, Trouscht a Kraaft ginn. De Bericht vun deem, wat wierklech geschitt ass, a Lukas 8:40-42, 49-56 liesen.

Éier Jesus dem Jairus säi Meedchen erëm lieweg gemaach huet, huet hien zum Jairus gesot: „Hab keine Angst, hab einfach nur Glauben.“ (Dozou de Vers 50.) Wéi kann dir d’Hoffnung op d’Operstéiung hëllefen, wann …

  • e léiwe Mënsch gestuerwen ass?

  • däi Liewen a Gefor ass?

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wéi huet d’Hoffnung op eng Operstéiung dem Phelicity sengen Elteren Trouscht a Kraaft ginn?

WANN EE SEET: „Datt déi Doudeg erëm kommen, dat ass ze schéin, fir wouer ze sinn.“

  • Wat denks du?

  • Mat wéi engem Bibeltext kanns du weisen, datt déi Doudeg erëm zum Liewe kommen?

FAZIT

D’Bibel versprécht, datt Milliarde Verstuerwener eng Operstéiung kréien. Jehova wëll, datt si erëm liewen an hien huet Jesus d’Muecht ginn, si aus dem Doud ze erwächen.

Réckbléck

  • Firwat wëlle Jehova a Jesus déi Verstuerwen erëm zum Liewe bréngen?

  • Liewen déi, déi eng Operstéiung kréien, am Himmel oder op der Äerd? Firwat äntwers du esou?

  • Wat iwwerzeegt dech, datt léif Mënschen, déi s du duerch den Doud verluer hues, erëm liewe kënnen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi kann ech mat menger Trauer eens ginn?

„Trauer – wat hëllefe kann“ (Erwachet!, Nr. 3, 2018)

Kann d’Bibel engem hëllefen, wann een trauert?

Wann e Mënsch stierft, dee mir gären hunn (5:06)

Wéi ee Kanner hëllefe kann, mam Doud vun engem, deen si gär hunn, eens ze ginn.

D’Léisegeld (2:07)

Ginn et Persounen, déi nom Doud an den Himmel kommen? Wie kritt keng Operstéiung?

„Wat ass mat der Operstéiung gemengt?“ (Online-Artikel)