Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 33

Wat wäert d’Kinnekräich alles maachen?

Wat wäert d’Kinnekräich alles maachen?

Gott säi Kinnekräich regéiert elo schonn am Himmel. A geschwë verännert et villes hei op der Äerd. Kucke mir eis e puer Verännerungen un, op déi mir eis haut scho freeë kënnen.

1. Wéi suergt Gott säi Kinnekräich op der Äerd fir Fridden a Gerechtegkeet?

Jesus, de Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich, vernicht am Krich vun Armageddon béis Mënschen a mënschlech Regierungen (Offenbarung 16:14, 16). Dann erfëllt sech d’Verspriechen: „Nëmmen nach eng kuerz Zäit an déi Béis gëtt et net méi“ (Psalm 37:10). Duerch d’Kinnekräich suergt Jesus dann dofir, datt op der ganzer Äerd Fridden a Gerechtegkeet ass. (Lies Jesaja 11:4.)

2. Wéi gesäit d’Liewen aus, wa Gott säi Wëllen op der Äerd geschitt?

Wa Gott säi Kinnekräich regéiert, erfëllen sech d’Wierder: „Die Gerechten werden die Erde besitzen und für immer auf ihr leben“ (Psalm 37:29). Stell dir vir, wéi et ass, wann et nëmmen nach gerecht Mënsche gëtt, déi Jehova gär hunn, een deen anere gär hunn, gesond sinn a fir ëmmer liewen.

3. Wat bréngt Gott säi Kinnekräich nach alles fäerdeg?

Nodeem Jesus déi béis Mënsche vernicht huet, regéiert hien als Kinnek fir 1 000 Joer. Hien an déi 144 000, déi mat him regéieren, hëllefen an dëser Zäit de Mënschen, vollkommen ze ginn. Um Enn vun den 1 000 Joer ass d’Äerd e wonnerschéine Paradis, an deem all Mënsche glécklech sinn, well si sech u Jehova seng Gesetzer halen. Da gëtt Jesus sengem Papp Jehova d’Kinnekräich zeréck. A Jehova säin Numm gëtt gehellegt, wéi ni virdrun (Matthäus 6:9, 10). Et ass dann endgülteg bewisen, datt Jehova e gudden Herrscher ass, deen sech ëm jiddweree këmmert. Hie vernicht den Däiwel, d’Dämonen an all déi, déi sech géint hie stellen (Offenbarung 20:7-10). Déi ideal Ëmstänn, déi duerch Gott säi Kinnekräich kommen, bleiwe fir ëmmer.

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat mir dorop vertraue kënnen, datt Gott all dat, wat hien an der Bibel versprach huet, duerch säi Kinnekräich wouer mécht.

4. Gott säi Kinnekräich mécht der Herrschaft vun de Mënschen en Enn

„De Mënsch huet iwwer de Mënsch zu sengem Schued geherrscht“ (Prediger 8:9). Jehova gebraucht säi Kinnekräich fir de Schued, deen ugeriicht ginn ass, erëm gutt ze maachen.

Daniel 2:44 an 2. Thessalonicher 1:6-8 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat maache Jehova a Jesus mat de mënschleche Regierungen an deenen, déi si ënnerstëtzen?

  • Wann s du un dat denks, wat s du schonn iwwer Jehova a Jesus weess, firwat kanns du dir sécher sinn, datt si gerecht a fair handelen?

5. Jesus ass den ideale Kinnek

Jesus mécht als Kinnek vu Gott sengem Kinnekräich vill Guddes. Hien huet scho bewisen, datt hien net nëmmen de Wonsch huet Mënschen ze hëllefen, mee datt Gott him och d’Muecht ginn huet et ze maachen. De VIDEO kucken.

Wéi Jesus op der Äerd war, huet hien en Abléck ginn, wat duerch d’Kinnekräich alles méiglech ass. Op wat frees du dech am meeschten? D’Bibelverse liesen, déi an der Tabell stinn.

OP DER ÄERD HUET JESUS …

VUM HIMMEL AUS MÉCHT JESUS, DATT …

6. Duerch Gott säi Kinnekräich hu mir eng wonnerbar Zukunft

Duerch d’Kinnekräich kréien d’Mënschen endlech dat Liewen, dat Jehova sech schonn ëmmer fir si gewënscht huet. Si liewen dann éiweg am Paradis op der Äerd. Wéi mécht Jehova dat duerch Jesus wouer? De VIDEO kucken.

Psalm 145:16 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi beréiert dech de Gedanken, datt vu Jehova gesot gëtt: „Du … stillst das Verlangen alles Lebenden“?

WANN EE SEET: „Zesumme kënne mir d’Problemer an der Welt léisen.“

  • Wat fir Problemer kann nëmme Gott säi Kinnekräich léisen?

FAZIT

Gott säi Kinnekräich hält wat et versprécht. D’Äerd gëtt zu engem Paradis, an deem nëmme gutt Mënsche liewen, déi Jehova fir ëmmer ubieden.

Réckbléck

  • Wéi gëtt duerch Gott säi Kinnekräich Jehova säin Numm gehellegt?

  • Firwat kann een dorop vertrauen, datt sech duerch Gott säi Kinnekräich d’Verspriechen aus der Bibel erfëllen?

  • Wann s du dorun denks, wat d’Kinnekräich alles bewierkt, wourop frees du dech am meeschten?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat geschitt wärend an um Enn vun den 1 000 Joer, wou Jesus herrscht?

„Wat geschitt u Gott sengem Geriichtsdag?“ (Der Wachtturm, 1. September 2012)

Sech als Famill virstellen, wéi et herno am Paradis ass.

Gesäis du dech am Paradis? (1:50)

Am Artikel „Mir sinn dausend Froen duerch de Kapp gaangen“, erzielt e politesche Rebell, wéi hien endlech Äntwerten op seng Froe fonnt huet.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. Januar 2012)