Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 41

Wat seet d’Bibel iwwer Sex?

Wat seet d’Bibel iwwer Sex?

Ville Leit ass et peinlech, iwwer Sex ze schwätzen. D’Bibel geet awer oppen a respektvoll mat deem Theema ëm. Si kënnt vun eisem Schöpfer Jehova, deen ëmmer weess, wat dat Bescht fir eis ass. Also ass et nëmme logesch, datt hire Rot gutt fir eis ass. Wa mir eis un dee Rot halen, freet Jehova sech iwwer eis a mir kënne fir ëmmer glécklech sinn.

1. Wat ass Jehova seng Usiicht zum Theema Sex?

Sex ass e Kaddo vu Jehova. Hie wëll, datt e Mann an eng Fra, déi matenee bestuet sinn, Freed dorun hunn. Duerch dëse Kaddo hunn si net nëmmen d’Méiglechkeet Kanner ze kréien, mee si kënnen doduerch och op eng schéin an natierlech Aart a Weis sech hir Léift weisen. Gott säi Wuert seet: „Freue dich mit der Ehefrau deiner Jugend“ (Sprüche 5:18, 19). Jehova erwaart vun deenen, déi bestuet sinn, datt si sech trei sinn. An dofir kënnt et fir si net a Fro, friemzegoen an d’Bestietnes ze briechen. (Lies Hebräer 13:4.)

2. Wat ass sexuell Onmoral?

D’Bibel seet: „Personen, die sexuell unmoralisch handeln, … werden Gottes Königreich nicht erben“ (1. Korinther 6:9, 10). Sexuell Onmoral ass d’Iwwersetzung vun dem griichesche Wuert pornéia. Dëst Wuert bezitt sech op sexuell Handlungen a tëschent 1. Persounen, déi net matenee bestuet sinn, 2. Persoune vum selwechte Geschlecht an 3. Mënschen an Déieren. Wa mir eis vu sexueller Onmoral ewechhalen, di mir eis selwer eppes Guddes an et gefält Jehova (1. Thessalonicher 4:3).

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi packt een et, moralesch reng ze bleiwen a wat huet een dovun?

3. Laf fort viru sexueller Onmoral

De Joseph, en treie Mann, huet alles drugesat, moralesch reng ze bleiwen. 1. Mose 39:1-12 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat ass de Joseph fortgelaf? (Dozou de Vers 9.)

  • Denks du, datt de Joseph sech richteg entscheet huet? Firwat?

Wéi kënne jonk Leit et geneesou maachen ewéi de Joseph a moralesch reng bleiwen? De VIDEO kucken.

Jehova wëll vun eis alleguer, datt mir viru sexueller Onmoral fortlafen. 1. Korinther 6:18 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat fir Situatioune kéinten zu sexueller Onmoral féieren?

  • Wéi kanns du viru sexueller Onmoral fortlafen?

4. Du kanns Versuchunge widderstoen

Wéini ass et méi schwéier, der Versuchung, onmoralesch ze handelen, ze widderstoen? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wat huet de Brudder gemaach, wéi hie gemierkt huet, datt seng Gedanken an säi Verhalen dozou féiere kéinten, datt hien senger Fra ontrei géif ginn?

Och Chrëschten, déi Jehova scho laang déngen, kann et munchmol schwéier falen, hiert Denke propper ze halen. Wéi kritt een et hin, onreng Gedanken aus dem Kapp ze kréien? Philipper 4:8 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wouriwwer solle mir nodenken?

  • Firwat kann et eng Hëllef sinn, an der Bibel ze liesen an am Déngscht fir Jehova fläisseg ze sinn, wa mir géint Versuchunge kämpfen?

5. Jehova seng Moossstief si gutt fir eis

Jehova weess, wat dat Bescht fir eis ass. Hie weist eis, wéi mir moralesch reng bleiwe kënnen a firwat dat gutt fir eis ass. Sprüche 7:7-27 liesen oder de VIDEO kucken. Dozou dës Froen:

  • Wéi huet de jonke Mann sech an eng geféierlech Situatioun bruecht? (Dozou Sprüche 7:8, 9.)

  • Wéi Sprüche 7:23, 26 weist, ka sexuell Onmoral schlëmm Konsequenzen hunn. Wat bleift eis erspuert, wa mir moralesch reng bleiwen?

  • Firwat kann ee fir ëmmer glécklech sinn, wann ee moralesch reng bleift?

Muncher fannen, datt dat wat d’Bibel iwwer Homosexualitéit seet, haart an net léif ass. Awer Jehova ass d’Léift a Persoun an hie wëll, datt jiddweree fir ëmmer glécklech ass. Dat ass nëmme méiglech, wann een sech un seng Moossstief hält. 1. Korinther 6:9-11 liesen. Dozou dës Fro:

  • Sinn homosexuell Neigungen aus Gott senger Siicht dat Eenzegt, wat mir bekämpfe mussen?

Fir Gott ze gefalen, muss jiddweree vun eis un sech schaffen. Firwat ass et derwäert dat ze maachen? Psalm 19:8, 11 liesen. Dozou dës Froen:

  • Fënns du dat, wat Jehova a puncto Moral vun eis erwaart, verstänneg? Firwat oder firwat net?

Jehova huet scho ville gehollef, no senge Prinzippien ze liewen. Hie kann och dir hëllefen

WANN EE SEET: „Wann sech zwee Mënsche gär hunn, ass et dach an der Rei, wann si matenee schlofen.“

  • Wat géifs du soen?

FAZIT

Sex ass e Kaddo vu Jehova fir e Mann an eng Fra, déi matenee bestuet sinn.

Réckbléck

  • Wat schléisst sexuell Onmoral alles an?

  • Wat hëlleft eis, moralesch reng ze bleiwen?

  • Firwat ass et gutt fir eis, wa mir a puncto Moral esou liewen, wéi Jehova et wëll?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Spillt et fir Gott eng Roll, ob eng Koppel bestuet ass oder net?

„Wat seet d’Bibel doriwwer, zesummenzeliewen, wann een net bestuet ass?“ (Online-Artikel)

Ass de Rot aus der Bibel homophob?

„Ass Homosexualitéit verkéiert?“ (Online-Artikel)

Gott seng Moralgesetzer gutt ze kennen, schützt eis.

„Ass Oralsex och scho Sex?“ (Online-Artikel)

Am Bericht „Si hu mech mat Respekt behandelt“ erzielt e Mann, firwat hien säin homosexuelle Liewensstil opginn huet.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. April 2011)

a Dozou gehéiert Geschlechtsverkéier, Oralsex, Analsex an enger Persoun hir Geschlechtsdeeler upake mat sexuellen Absichten.