Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 42

Wat seet d’Bibel iwwer d’Bestietnes an d’Liewen als Single?

Wat seet d’Bibel iwwer d’Bestietnes an d’Liewen als Single?

A munche Kulture gleeft een, datt een nëmme glécklech ka sinn, wann ee bestuet ass. Awer net jiddwereen, dee bestuet ass, ass automatesch méi glécklech ewéi een, deen net bestuet ass. D’Bibel seet kloer, datt béides e Kaddo vu Jehova ass.

1. Wat sinn d’Virdeeler, wann ee Single ass?

D’Bibel seet: „Wien sech bestit, mécht et gutt, awer wien sech net bestit, mécht et besser.“ (Lies 1. Korinther 7:32, 33, 38.) Firwat ass et „besser“, net bestuet ze sinn? Et muss een net nom Partner kucken an ass dofir méi fräi. Muncher kënnen sech zum Beispill am Déngscht fir Jehova méi asetzen, priedegen an engem anere Land an erliewen dobäi vill Schéines. Virun allem kënnen si méi Zäit an hir Frëndschaft mat Jehova investéieren.

2. Wat sinn d’Virdeeler, wann ee bestuet ass?

Och bestuet ze sinn, huet seng Virdeeler. D’Bibel seet: „Zwee si besser ewéi een eleng“ (Prediger 4:9). Dat trëfft besonnesch op Koppelen zou, déi no bibelesche Prinzippie liewen. Wann si sech bestueden, verspriechen si sech géigesäiteg Léift, Respekt an Trei. Doduerch fillen sech esou Koppele méi sécher a gebuergen ewéi Koppelen, déi net matenee bestuet sinn. An d’Bestietnes ass eng sécher Grondlag, fir eng Famill ze grënnen.

3. Wéi stellt sech Jehova d’Bestietnes vir?

Wéi Jehova déi éischt zwee Mënsche matenee bestuet huet, sot hien: „Ein Mann [wird] seinen Vater und seine Mutter verlassen und fest zu seiner Frau halten“ (1. Mose 2:24). Jehova wëll, datt Mann a Fra sech gär hunn an hiert Liewe laang fest zesummenhalen. Hien erlaabt eng Scheedung nëmmen dann, wann ee vun deenen zwee friemgeet. An deem Fall iwwerléisst Jehova dem Onschëllegen d’Entscheedung, ob hien sech scheede loosse wëll oder net (Matthäus 19:9). a Jehova erlaabt et Chrëschten net, mat méi wéi enger Persoun bestuet ze sinn (1. Timotheus 3:2).

AN DEN DETAIL GOEN

Ob bestuet oder net – wéi kanns du selwer glécklech sinn a Jehova glécklech maachen?

4. Virdeeler notzen, déi een als Single huet

Jesus huet et als Virdeel ugesinn, sech net ze bestueden (Matthäus 19:11, 12, Foussnout). Matthäus 4:23 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi huet Jesus als Jonggesell seng Zäit gutt genotzt, fir sengem Papp ze déngen an aneren ze hëllefen?

Als Single kann ee glécklech sinn, wann een seng Zäit esou notzt ewéi Jesus. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wat fir schéi Méiglechkeeten huet een, wann een net bestuet ass?

Gutt ze wëssen?

D’Bibel seet net, wéi al ee muss sinn, fir sech ze bestueden. Awer si gëtt de Rot, ze waarden bis een „über die Blüte der Jugend hinaus ist“ – déi Zäit, an där staark sexuell Gefiller et engem schwéier maachen, sech richteg ze entscheeden (1. Korinther 7:36).

5. Sech richteg entscheeden

D’Entscheedung, wien ee bestit, ass eng vun de Wichtegsten am Liewen. Matthäus 19:4-6, 9 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat soll e Chrëscht et net iwwerstierzen, sech ze bestueden?

D’Bibel weist eis, wourop et bei engem Partner ukënnt. Dat Wichtegst ass, datt een sech fir e Partner entscheet, dee Jehova gär huet. b 1. Korinther 7:39 an 2. Korinther 6:14 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat soll een nëmmen ee bestueden, deen och Jehova déngt?

  • Wéi beréiert et Jehova, wa mir ee bestueden, deen hien net gär huet?

Wann een zwee ganz ënnerschiddlech Déieren zesummespaant, leiden si alle béid. Bestit e Chrëscht een, dee Jehova net déngt, sinn d’Problemer virprogramméiert

6. D’Bestietnes esou gesinn, wéi Jehova et gesäit

Am alen Israel hunn sech munch Männer aus egoistesche Grënn scheede gelooss. Maleachi 2:13, 14, 16 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat haasst Jehova et, wann een sech ouni bibelesche Grond scheede léisst?

Een, dee friemgeet, d’Bestietnes brécht an sech scheede léisst, hannerléisst doduerch beim onschëllege Partner an de Kanner déif Wonnen

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wat kanns du maachen, fir e glécklecht Bestietnes ze hunn, och wann däi Partner Jehova net gär huet?

7. Sech u Jehova seng Prinzippie fir d’Bestietnes halen

Muncheree muss sech immens ustrengen, fir Jehova seng Prinzippien am Bestietnes ëmzesetzen. c Wien dat mécht, ka sech sécher sinn, datt Jehova him dobäi hëlleft. De VIDEO kucken.

Hebräer 13:4 liesen. Dozou dës Froen:

  • Fënns du Jehova seng Prinzippie fir d’Bestietnes ubruecht? Firwat oder firwat net?

An de meeschte Länner gi Bestietnesser a Scheedunge gesetzlech agedroen. Jehova erwaart vu Chrëschten, sech un dës Gesetzer ze halen. Titus 3:1 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wann s du bestuet bass: Ass däi Bestietnes gesetzlech agedroen?

WANN EE SEET: „Firwat muss een sech bestueden? Et kann een dach einfach esou zesummeliewen.“

  • Wat géifs du äntweren?

FAZIT

Ob ee bestuet ass oder net – wien sech u Jehova seng Prinzippien hält, ka glécklech an zefridde sinn. Béides ass e Kaddo vu Jehova.

Réckbléck

  • Wéi kann een d’Virdeeler, déi een als Single huet, gutt notzen?

  • Firwat gëtt d’Bibel de Rot, nëmmen een ze bestueden, dee Jehova déngt?

  • Wat gëtt d’Bibel als eenzege Grond un, fir sech scheeden ze loossen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat ass domat gemengt, sech „nëmmen am Här“ ze bestueden?

„Froe vu Lieser“ (Der Wachtturm, 1. Juli 2004)

Zwou kuerz Geschichten, déi weisen, op wat een oppasse soll, wann een sech kenne léiert a sech bestuede wëll.

Sech op d’Bestietnes virbereeden (11:53)

E Brudder erzielt, datt dat, wat Jehova him ginn huet, vill méi wäertvoll ass, wéi dat, wat hien opginn huet.

Ech hat gehofft, hatt géif sech fir Jehova entscheeden (1:56)

Wat soll ee berücksichtegen, wann een iwwer eng Trennung oder Scheedung nodenkt?

„An Éieren halen, wat Gott matenee ‚verbonnen huet‘“ (Der Wachtturm, Dezember 2018)

a An der zousätzlecher Erklärung 4 geet et ëm d’Trennung vun enger Koppel, wa kee vun deenen zwee friemgaangen ass.

b A munche Kulture wielen d’Elteren de Partner fir hir Kanner aus. Elteren, déi hir Kanner gär hunn, geet et net ëm finanziell Virdeeler oder de soziale Status, mee an éischter Linn dorëm, ob dës Persoun Jehova gär huet.

c Ob eng Koppel, déi net bestuet zesummelieft, sech bestit oder sech trennt, ass eng perséinlech Entscheedung.