Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 44

Wéi denkt Gott iwwer Fester a Feierdeeg?

Wéi denkt Gott iwwer Fester a Feierdeeg?

Jehova wëll, datt mir Freed um Liewen hunn. Dozou gehéiert och, munchmol zesummen ze feieren. Gefale Jehova all Fester a Feierdeeg? Wéi kënne mir eis bei dësem Theema richteg entscheeden an him doduerch weisen, datt mir hie gär hunn?

1. Firwat gefale vill Fester a Feierdeeg Jehova net?

Et iwwerrascht vläicht, datt vill Fester a Feierdeeg keng bibelesch Grondlag hunn. Oft ginn si op en heednesche Brauch zeréck oder op d’Léiere vu falsche Reliounen, zum Beispill d’Léier, datt d’Séil onstierflech ass. Vill Bräich hu mat Spiritismus oder Awerglawen ze dinn oder solle Gléck bréngen (Jesaja 65:11). Jehova fuerdert seng Dénger op: „Trennt iech vun hinnen … Paakt dat Onrengt net un“ (2. Korinther 6:17BFL). a

2. Wéi denkt Jehova iwwer Feierdeeg, bei deene Mënsche veréiert ginn?

Et gi Feierdeeg, un deenen Herrscher, Symboler an Helde vun enger Natioun veréiert ginn, wéi zum Beispill en Nationalfeierdag (1. Johannes 5:21). Aner Feierdeeg si politeschen oder sozialen Organisatioune gewidmet. Jehova warnt awer virdrun, eist Vertrauen op Mënschen ze setzen. (Lies Jeremia 17:5.) Wéi géif Jehova empfannen, wa mir Persounen oder Organisatioune veréieren, déi Ziler verfollegen, déi vläicht esouguer géint säi Virsaz ginn?

3. Wéini gefält Gott e Fest net?

D’Bibel verurteelt „Betrunkenheit, wilde Partys [an] Trinkgelage“ (1. Petrus 4:3). Bei munche Fester verléieren d’Leit d’Kontroll an all Hemmungen, an et kënnt zu sexueller Onmoral. Fir e Frënd vu Jehova ze bleiwen, musse mir eis wäit ewechhale vun allem, wat hien als onreng ugesäit.

AN DEN DETAIL GOEN

Fester a Feierdeeg – wéi trëfft een Entscheedungen, déi Jehova gefalen?

4. Op Fester a Feierdeeg verzichten, déi Jehova net gefalen

Epheser 5:10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat soll ee maachen, éier een e Feierdag oder e Fest feiert?

  • Wat fir Feierdeeg ginn et an denger Géigend?

  • Mengs du, datt si Jehova gefalen?

Hues du dech zum Beispill schonn emol gefrot, wéi Jehova iwwer d’Feiere vu Gebuertsdeeg denkt? An der Bibel fënnt ee kee Bericht doriwwer, datt Persounen, déi Jehova ugebiet hunn, hire Gebuertsdag gefeiert hätten. Déi zwee eenzeg Gebuertsdeeg, déi erwäänt ginn, goufe vu Persoune gefeiert, déi Jehova net ugebiet hunn. 1. Mose 40:20-22 a Matthäus 14:6-10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat hunn dës zwou Feiere gemeinsam?

  • Wann een dës Verse liest: Wéi denkt Jehova wuel iwwer Gebuertsdagsfeieren?

Vläicht frees du dech: „Ass et fir Jehova wierklech esou schlëmm, wann ech op e Gebuertsdag ginn oder en anert Fest feieren, dat géint bibelesch Prinzippie verstéisst?“ 2. Mose 32:1-8 liesen. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Firwat ass et wichteg erauszefannen, wéi Jehova iwwer e Fest denkt?

  • Wéi kann een dat erausfannen?

Wéi een erausfënnt, wéi Gott iwwer e Fest oder e Feierdag denkt

  • Wou kënnt dat Fest hier? Fann eraus, ob et op onbibelesch Léieren zeréckgeet.

  • Gi Mënschen, Organisatiounen oder national Symboler veréiert? Mir éiere Jehova méi ewéi alles anescht a vertrauen dorop, datt hien d’Problemer vun der Welt léist.

  • Harmonéieren dës Bräich mat de Prinzippien aus der Bibel? Wéi verhalen sech déi, déi dat feieren? Mir wëlle moralesch reng bleiwen.

5. Hëllef aneren, däi Glawen ze respektéieren

Et ka sinn, datt anerer Drock op dech ausüben, eppes ze feieren, wat Jehova net gefält. Et ass vläicht net esou einfach, dann net nozeginn. Wéi kanns du aneren taktvoll a gedëlleg däi Standpunkt erklären? De VIDEO kucken.

Matthäus 7:12 liesen. Dozou dës Froen:

  • Solls du denger Famill, déi eppes anescht gleeft ewéi s du, virschreiwen, wat si feieren däerfen a wat net?

  • Wéi kanns du denger Famill weisen, datt s du si gär hues, och wann s du munch Fester net matfeiers?

6. Jehova wëll, datt mir glécklech sinn

Jehova wëll, datt mir mat eiser Famill an eise Frënn schéi Momenter erliewen. Prediger 8:15 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat wënscht sech Jehova fir eis?

Jehova wëll, datt déi, déi him déngen, sech freeën an zesummen eng schéin Zäit hunn. Dat gesäit ee gutt bei internationale Kongresser. De VIDEO kucken.

Galater 6:10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Brauch ee Fester a Feierdeeg, fir aneren eppes Guddes ze maachen?

  • Wat fënns du méi schéin: Engem eppes ze schenken, well s du mengs, du muss oder well s du engem eng Freed maache wëlls?

  • Vill Zeie vu Jehova organiséieren heiansdo eppes fir hir Kanner an iwwerraschen si dann och mat Kaddoen. Wann s du Kanner hues: Wat kanns du dir fir si afale loossen?

WANN EE SEET: „Et ass dach egal, wou e Fest hierkënnt. Haaptsaach, d’Famill ass emol erëm zesummen.“

  • Wat géifs du soen?

FAZIT

Jehova wëll, datt mir mat eiser Famill a Frënn schéi Momenter erliewen. Hie wëll awer och, datt mir op Fester a Feierdeeg verzichten, déi him net gefalen.

Réckbléck

  • Wéi kanns du erausfannen, wéi Jehova iwwer eng Feier denkt?

  • Wéi kanns du denger Famill an denge Frënn hëllefen, däi Standpunkt zu Feierdeeg ze respektéieren?

  • Wouhier weess du, datt Jehova wëll, datt s du glécklech bass a Spaass hues?

Zil

MÉI GEWUER GINN

E puer Fester a Feierdeeg, déi fir Chrëschten net a Fro kommen.

„Firwat feieren Zeie vu Jehova munch Feierdeeg net?“ (Online-Artikel)

Véier Grënn, firwat mir gleewen, datt et Gott net gefält, Gebuertsdeeg ze feieren.

„Firwat feieren Zeie vu Jehova kee Gebuertsdag?“ (Online-Artikel)

Kanner, déi Jehova wëlle gefalen, hunn et bei Feierdeeg net einfach. Wéi kënnen si Jehova eng Freed maachen?

Du bass wäertvoll fir Jehova (11:35)

Millioune Chrëschten hunn sech decidéiert, Chrëschtdag net ze feieren. Hunn si hir Entscheedung bereit?

„Si hunn eppes Besseres fonnt“ (Der Wachtturm, 1. Dezember 2012)

a D’zousätzlech Erklärung 5 geet op verschidde Situatiounen an, déi bei Feierdeeg entstoe kënnen.