Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 45

Wat et fir Chrëschte bedeit, neutral ze sinn

Wat et fir Chrëschte bedeit, neutral ze sinn

Jesus sot, datt seng Nofollger „keen Deel vun der Welt“ sinn (Johannes 15:19). Dozou gehéiert, politesch neutral ze sinn an sech aus Kricher erauszehalen. Dat ass net ëmmer einfach. Et ka sinn, datt een dowéinst kritiséiert gëtt. Wéi kann een neutral bleiwen a loyal zu Jehova stoen?

1. Wéi stinn echt Chrëschten zu mënschleche Regierungen?

Chrëschte respektéieren d’Regierungen. Si halen sech un d’Gesetzer, wéi zum Beispill d’Steieren ze bezuelen. Si maachen dat, wat Jesus sot: „Gitt dem Caesar, wat dem Caesar gehéiert“ (Markus 12:17BFL). D’Bibel weist, datt mënschlech Regierungen nëmme regéieren, well Jehova et zouléisst (Römer 13:1). Si hunn eng gewëssen Autoritéit a Muecht, awer d’Problemer vun der Welt léist Gott duerch säi Kinnekräich – seng Regierung am Himmel.

2. Wéi weist een, datt een neutral ass?

Jesus huet sech aus der Politik erausgehalen. Bei engem vu senge Wonner waren d’Mënschen esou beandrockt, datt si hien zum Kinnek maache wollten. Awer Jesus huet dat net zougelooss (Johannes 6:15). Firwat net? Hien huet zu engem spéideren Zäitpunkt gesot: „Mäi Kinnekräich ass keen Deel vun dëser Welt“ (Johannes 18:36). Als Chrëschten orientéiere mir eis u Jesus. Zum Beispill gi mir net an de Krich. (Lies Micha 4:3.) Mir respektéieren national Symboler, wéi de Fändel, veréieren si awer net (1. Johannes 5:21). Mir bezéie keng Stellung, weeder fir nach géint politesch Parteien oder Politiker. Doduerch, datt mir an dësen an anere Beräicher neutral sinn, weise mir, datt mir loyal zu Gott sengem Kinnekräich stinn.

AN DEN DETAIL GOEN

A wéi enge Situatioune kann et eis schwéier falen, neutral ze bleiwen? A wéi kënne mir Entscheedungen treffen, déi Jehova gefalen?

3. Echt Chrëschte sinn neutral

Jesus an seng Jünger hunn eis gewisen, wat et heescht, neutral ze sinn. Römer 13:1, 5-7 an 1. Petrus 2:13, 14 liesen. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Firwat solle mir mënschlech Regierunge respektéieren?

  • Wéi weise mir, datt mir eis der Regierung ënneruerdnen?

Munch Staate behaapten neutral ze sinn, well si sech net direkt un engem Krich bedeelegen, awer si ënnerstëtzen de Konflikt vläicht op eng aner Manéier. Wat bedeit Neutralitéit wierklech? Johannes 17:16 liesen. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wat bedeit et, neutral ze sinn?

Wat maache mir, wann de Staat eppes verlaangt, dat géint Gott säi Gesetz geet? Apostelgeschichte 5:28, 29. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wiem solle mir follegen, wann e Gesetz vu Mënsche géint e Gesetz vu Gott geet?

  • Falen dir Situatiounen an, an deene Chrëschten dem Staat net géife follegen?

4. Neutral sinn am Denken an Handelen

1. Johannes 5:21 liesen. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Firwat wollt den Ayenge net enger Partei bäitrieden oder bei enger politescher Zeremonie matmaachen?

  • Wéi fënns du seng Entscheedung?

A wat fir aner Situatioune kann et schwéier sinn, neutral ze bleiwen? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wéi kanns du neutral bleiwe bei internationale Kompetitiounen am Sport?

  • Wéi kanns du neutral bleiwen, wann s du perséinlech vu politeschen Entscheedunge betraff bass?

  • Wéi kéinten d’Medien oder den Ëmgang engem et schwéier maachen, neutral ze bleiwen?

A wat fir Beräicher musse Chrëschten am Denken an Handelen neutral bleiwen?

WANN EE FREET: „Firwat wëlls du mat Politik näischt ze dinn hunn?“

  • Wéi géifs du äntweren?

FAZIT

Chrëschte setzen alles drun, fir politesch neutral ze bleiwen – am Denken, Schwätzen an Handelen.

Réckbléck

  • Wat däerfe mënschlech Regierunge vun eis verlaangen?

  • Firwat si mir politesch neutral?

  • A wat fir Situatioune kann et schwéier sinn, neutral ze bleiwen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat muss ee vläicht alles op sech huelen, fir neutral ze bleiwen?

Jehova huet eis nach ni am Stach gelooss (3:14)

Wéi kënnen sech Familljen op Situatioune virbereeden, an deenen et dorop ukënnt, neutral ze sinn?

Neutral bleiwen – ëmmer an iwwerall (4:25)

D’Geschicht vun engem Mann, dee geduecht huet, et wier déi gréissten Éier, säi Land ze verteidegen.

„Fir Gott ass alles méiglech“ (5:19)

Wéi kann ee weisen, datt ee keen Deel vun der Welt wëll sinn, wann et ëm d’Aarbecht oder de Beruff geet?

„Jiddwereen dréit seng eege Laascht“ (Der Wachtturm, 15. März 2006)