Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 48

Sich dir deng Frënn gutt aus

Sich dir deng Frënn gutt aus

Gutt Frënn stinn engem a schwéieren Zäite bäi a maache schéi Momenter nach méi schéin. D’Bibel weist, datt een sech seng Frënn gutt aussiche muss. Op wat soll een dobäi oppassen?

1. Wat fir en Afloss kënne Frënn op dech hunn?

Si kënnen e gudden oder e schlechten Afloss op eis hunn. Egal ob mir perséinlech Kontakt mat hinnen hunn oder iwwer sozial Medien, den Ëmgang mat hinne fierft op eis of. D’Bibel seet: „Wer seinen Weg mit Weisen geht, wird weise werden, aber wer sich mit Unvernünftigen [Mënschen, déi Jehova net gär hunn] einlässt, dem wird es schlecht gehen“ (Sprüche 13:20). Frënn, déi Jehova gär hunn an him déngen, stäerken eis Frëndschaft mat him an hëllefen eis, gutt Entscheedungen ze treffen. Anerersäits kënne Frënn, déi Jehova net gär hunn, eis vun him ewechzéien. Kee Wonner, datt d’Bibel eis réit, gutt opzepassen, wie mir eis als Frënn eraussichen. Wann deng Frënn Jehova geneesou gär hunn ewéi s du, dann hutt dir alle béid eppes dovun. Esou kënnt dir iech géigesäiteg Mutt maachen an een deen aneren opbauen (1. Thessalonicher 5:11).

2. Wéi beréiert et Jehova, wie mir eis als Frënn eraussichen?

Jehova sicht sech seng Frënn gutt eraus. „Den Aufrichtigen gehört seine enge Freundschaft“ (Sprüche 3:32). Wéi géif Jehova sech fillen, wa mir eis Frënn eraussichen, déi hien net gär hunn? Hie wier bestëmmt enttäuscht. (Lies Jakobus 4:4.) Dofir freet sech Jehova, wa mir hien als Frënd eraussichen an déi, déi hie gär hunn. Dann zielt hien eis och zu senge Frënn (Psalm 15:1-4).

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat d’Wiel vun denge Frënn esou wichteg ass a wéi s du Frëndschafte schléisse kanns, déi dir wierklech eppes bréngen.

3. Opgepasst viru schlechtem Ëmgang

Persounen, déi Gott a seng Prinzippien net gär hunn, si schlechten Ëmgang fir eis. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wéi kéint ee schlechten Ëmgang hunn, ouni et direkt ze mierken?

1. Korinther 15:33 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat fir Persoune kéinte schlechten Ëmgang fir dech sinn, a firwat?

Psalm 119:63 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wourop solls du bei denge Frënn Wäert leeën?

Duerch ee faulen Apel ginn all déi aner Äppel och faul. Wéi kann sech schlechten Ëmgang op dech auswierken?

4. Sief oppe fir nei Frënn, och wann si anescht sinn ewéi s du

D’Bibel schwätzt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft tëschent dem David an dem Jonathan. Dës zwee Männer am alen Israel haten e groussen Altersënnerscheed a ganz ënnerschiddlech Ëmstänn. 1. Samuel 18:1 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat mussen eis Frënn net onbedéngt de selwechten Alter an déi selwecht Ëmstänn hunn ewéi mir?

Römer 1:11, 12 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kënne Frënn, déi Jehova gär hunn, sech géigesäiteg Mutt maachen?

Munchmol fënnt ee Frënn do, wou een et net erwaart. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Firwat waren dem Akil seng Eltere wéinst senge Frënn an der Schoul beonrouegt?

  • Wat huet dem Akil am Ufank u senge Frënn gefall?

  • Wat huet hie gemaach, fir sech net méi esou eleng ze fillen?

5. Wat eng gutt Frëndschaft ausmécht

Wéi kann ee gutt Frënn fannen a wéi kanns du selwer e gudde Frënd sinn? De VIDEO kucken.

Sprüche 18:24 a 27:17 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat maache richteg Frënn fireneen?

  • Hues du esou Frënn? Wann net, wéi kanns du esou Frënn fannen?

Philipper 2:4 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wann ee gär e gudde Frënd huet, muss ee selwer e gudde Frënd sinn. Wat heescht et, e gudde Frënd ze sinn?

Wann ee gär e gudde Frënd huet, muss ee selwer e gudde Frënd sinn

WANN EE SEET: „Haaptsaach, et huet ee Frënn. Et ass dach egal, wat si gleewen.“

  • Wat géifs du soen?

FAZIT

Wa mir eis Frënn gutt eraussichen, mécht dat Jehova Freed an et bréngt eis eppes.

Réckbléck

  • Firwat ass et Jehova wichteg, wat fir Frënn mir hunn?

  • Wie siche mir eis net als Frënn eraus?

  • Wéi kanns du richteg Frënn fannen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi richteg Frënn a schwéieren Zäiten ee fir deen aneren do sinn.

„Enk Frëndschaften opbauen, éier d’Enn kënnt“ (Der Wachtturm, November 2019)

Praktesch Tipps, déi dir hëllefen, Frëndschaften ze schléissen.

„Wéi fannen ech gutt Frënn?“ (Fragen junger Leute – praktische Antworten, Band 1, Kapitel 8)

Wat soll een iwwer Online-Frëndschafte wëssen?

Sozial Netzwierker – Benotz se mat Verstand! (4:12)

An dem Bericht „Ech wollt esou gär e Papp hunn“ erzielt e Mann, firwat hien sech aner Frënn gesicht huet.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. April 2012)