Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 50

Als Famill glécklech sinn

Als Famill glécklech sinn

Kanner sinn e Kaddo vu Jehova. Hien erwaart vun den Elteren, datt si sech gutt ëm d’Kanner këmmeren a gëtt hinnen dofir gudde Rot mat op de Wee. Och d’Kanner kréie Rot, esou datt si dozou bäidroe kënnen, datt jiddwereen an der Famill glécklech ass.

1. Wat fir e Rot gëtt Jehova den Elteren?

Jehova wëll, datt Elteren hir Kanner gär hunn an esou vill Zäit ewéi méiglech mat hinne verbréngen. Hie wëll och, datt Elteren hir Kanner schützen an si no bibelesche Prinzippien erzéien (Sprüche 1:8). Hie seet de Pappen: „Erzieht sie [är Kanner] weiter nach den Maßstäben und der Anleitung Jehovas.“ (Lies Epheser 6:4.) Et ass Jehova wichteg, datt Elteren dëser Verantwortung selwer nokommen an d’Erzéiung net aneren iwwerloossen.

2. Wat fir e Rot gëtt Jehova de Kanner?

Jehova seet zu de Kanner: „Hört in allem auf eure Eltern.“ (Lies Kolosser 3:20.) Wa Kanner hiren Eltere follegen an si respektéieren, da maachen si Jehova an hir Eltere frou (Sprüche 23:22-25). Jesus huet do e gutt Beispill ginn. Hie war vollkommen, mee seng Elteren net, an trotzdeem huet hien hinne gefollegt an si respektéiert (Lukas 2:51, 52).

3. Wéi kann een als Famill d’Frëndschaft mat Jehova verdéiwen?

Bestëmmt wënschs du dir als Papp oder Mamm, datt deng Kanner Jehova geneesou gär hunn ewéi s du. Wéi kanns du dat erreechen? Wann s du dëse Rot aus der Bibel ëmsetz: „Du sollst sie [Jehova seng Wierder] deinen Kindern einschärfen und davon reden, wenn du in deinem Haus sitzt und wenn du auf dem Weg gehst“ (5. Mose 6:7). „Einschärfen“ bedeit, engem eppes bäizebréngen, andeem een et ëmmer erëm widderhëlt. A bei Kanner muss ee munches oft widderhuelen, fir datt et hänkebleift. Dëse Bibeltext weist, datt Elteren ëmmer nees no Geleeënheete siche sollen, fir mat hire Kanner iwwer Jehova ze schwätzen. Et deet der Famill gutt, wann si sech all Woch Zäit hëlt, fir zesummen d’Bibel ze studéieren. An och wann ee keng Kanner huet, profitéiert ee vun esou engem Studium.

AN DEN DETAIL GOEN

Wat ee maache kann, fir datt jiddwereen an der Famill sech sécher a gebuerge fillt a glécklech ass.

4. Deng Kanner mat Léift erzéien

Kanner ze erzéien ass eng Erausfuerderung. Wéi kann d’Bibel dobäi hëllefen? Jakobus 1:19, 20 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi kënnen Eltere Léift weisen, wann si mat hire Kanner schwätzen?

  • Firwat sollen Elteren, wann si hir Kanner erzéien oder zurechtweisen, dat net an der Roserei maachen? a

5. Seng Kanner schützen

Vill Eltere fillen sech net wuel dobäi, mat hire Kanner iwwer d’Theema Sex ze schwätzen. Fir d’Kanner ze schützen ass et awer wichteg, datt een si opkläert. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Firwat fält et munchen Eltere schwéier, mat hire Kanner iwwer Sex ze schwätzen?

  • Wéi si munch Elteren dëst Theema ugaangen?

Esou wéi virausgesot gouf, verhalen sech d’Mënschen an där vum Däiwel beherrschter Welt ëmmer schlëmmer. 2. Timotheus 3:1, 13 liesen. Dozou dës Fro:

  • Zu deene schlëmme Saachen déi Mënsche maachen, déi am Vers 13 erwäänt ginn, gehéiert och de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner. Firwat ass et esou wichteg, datt Elteren hir Kanner opklären an hinne bäibréngen, wéi si sech schütze kënnen?

Gutt ze wëssen

D’Zeie vu Jehova hu vill Videoen an Artikele verëffentlecht, déi Elteren hëllefen, hir Kanner opzeklären a viru Mëssbrauch ze schützen. E puer Beispiller:

6. Seng Eltere respektéieren

Duerch d’Aart a Weis, wéi Kanner an Teenager mat hiren Eltere schwätzen, weisen si Respekt. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Firwat lount et sech fir e jonke Mënsch, respektvoll mat sengen Elteren ze schwätzen?

  • Wéi kanns du respektvoll mat dengen Eltere schwätzen?

Sprüche 1:8 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi soll een als jonke Mënsch reagéieren, wann d’Elteren engem eppes soen?

7. Als Famill Jehova méi no kommen

Zeie vu Jehova reservéieren all Woch eng fest Zäit, fir zesummen als Famill d’Bibel ze studéieren. Wéi kann esou e Familljestudium ausgesinn? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wéi packt een et als Famill, reegelméisseg d’Bibel ze studéieren?

  • Wat kënnen d’Eltere maachen, fir datt d’Kanner beim Familljestudium eppes léieren a Spaass hunn? (D’Bild am Ufank mat abezéien.)

  • Wat kann et iech als Famill vläicht schwéier maachen, reegelméisseg zesummen ze studéieren?

Jehova huet d’Familljen am alen Israel opgefuerdert, reegelméisseg iwwer säi Wuert ze schwätzen. 5. Mose 6:6, 7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kanns du dëse Prinzip ëmsetzen?

Iddie fir de Familljestudium:

  • Sech op d’Versammlunge virbereeden

  • E Bibelbericht, vun deem d’ganz Famill eppes huet, liesen a beschwätzen

  • Fir kleng Kanner: Eppes vun de Kannersäiten op jw.org eroflueden oder erausdrécken

  • Fir Teenager: En Artikel fir jonk Leit op jw.org auswielen a beschwätzen

  • Mat de Kanner eng Geschicht aus der Bibel nospillen

  • E Video op jw.org kucken an doriwwer schwätzen

WANN EE SEET: „D’Bibel ass fir Kanner net interessant an ze vill komplizéiert.“

  • Wat géifs du soen?

FAZIT

Jehova wëll, datt Elteren hir Kanner gär hunn, si erzéien a schützen. Hie freet sech, wa Familljen hien zesummen ubieden an d’Kanner hir Eltere respektéieren an op si lauschteren.

Réckbléck

  • Wéi kënnen Elteren hir Kanner erzéien a schützen?

  • Wéi kënne Kanner hir Eltere respektéieren?

  • Firwat lount et sech, Zäit ze reservéieren, fir als Famill all Woch d’Bibel zesummen ze studéieren?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi kann een de Kanner e gudde Start an d’Liewe ginn?

„Sechs Saachen, déi Kanner fir d’Liewe brauchen“ (Erwachet!, Nr. 2, 2019)

Wat fir praktesche Rot huet d’Bibel fir een, deen seng Eltere fleegt?

„Sech ëm d’Eltere këmmeren, déi bei Alter sinn – wat seet d’Bibel dozou?“ (Online-Artikel)

Wéi huet d’Bibel engem Papp gehollef ze verstoen, wat d’Kanner wierklech brauchen?

Mat Jehova senger Hëllef eis Kanner erzéien (5:58)

Wéi kann een als Papp e gutt Verhältnes zu sengem Jong hunn?

„Wéi behält een e gudden Drot zu sengem Jong?“ (Der Wachtturm, 1. November 2011)

a An der Bibel bezitt sech dat Wuert „Erzéiung“ dorop, datt een engem eppes bäibréngt, ee guidéiert oder korrigéiert. Kierperlech oder verbal Gewalt ass domat ni gemengt (Sprüche 4:1).