Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 51

Jehova eng Freed maachen, wa mir oppassen, wéi mir schwätzen

Jehova eng Freed maachen, wa mir oppassen, wéi mir schwätzen

Wéi Jehova eis erschafen huet, huet hien eis e wonnerbare Kaddo ginn: d’Fäegkeet ze schwätzen. Ass et him wichteg, wéi mir dës Fäegkeet gebrauchen? Jo, et ass him esouguer ganz wichteg. (Lies Jakobus 1:26.) Wéi kënne mir Jehova duerch d’Aart a Weis ewéi mir schwätzen, eng Freed maachen?

1. Wéi kann ee mat Wierder eppes Guddes bewierken?

D’Bibel seet eis: „Macht euch weiter gegenseitig Mut und baut einander auf“ (1. Thessalonicher 5:11). Fält dir een an, deen de Mutt verluer huet? Wat kéints du maachen, fir datt hien sech besser fillt? So him, datt hien dir wichteg ass a wat s du un him schätz. Vläicht kanns du och e Bibeltext eraussichen, deen him Mutt mécht. Et gëtt esou vill schéi Bibeltexter. A wat och wichteg ass: Et kënnt net nëmmen dorop un, wat ee seet, mee och wéi een et seet. Probéier ëmmer frëndlech an duuss ze schwätzen (Sprüche 15:1).

2. Op wat soll ee beim Schwätzen oppassen?

D’Bibel seet: „Kein schlechtes Wort soll aus eurem Mund kommen.“ (Lies Epheser 4:29.) Dat heescht, mir fluchen net a gebrauche keng obszön Ausdréck. Mir maachen och keng Bemierkungen, déi beleidegen a verletzen. Mir schwätzen net schlecht iwwer anerer, erzielen net eppes weider, wat vertraulech ass, a verbreede keng Ligen. (Lies Sprüche 16:28.)

3. Wat wierkt sech positiv op eis Sprooch aus?

Wouriwwer mir schwätzen, verréit vill doriwwer, wat an eisem Häerz ass a wat eis beschäftegt (Lukas 6:45). Mir mussen also léieren, eis op dat ze konzentréieren, wat positiv ass – op dat, wat gerecht, reng, léif a luewenswäert ass (Philipper 4:8). Dat fält eis méi liicht, wa mir oppassen, wat mir lauschteren oder eis ukucken a wéi eng Frënn mir hunn (Sprüche 13:20). Éier een eppes seet, soll een iwwerleeën, wéi dat bei aneren ukënnt. D’Bibel seet: „Gedankenlose Worte sind wie Schwertstiche, aber die Zunge der Weisen bringt Heilung“ (Sprüche 12:18).

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi ee schwätze soll, datt et anere gutt deet a Jehova gefält.

4. Eis Wierder kontrolléieren

Jiddweree vun eis seet emol eppes, wat him dono leed deet (Jakobus 3:2). Galater 5:22, 23 liesen. Dozou dës Froen:

  • Ëm wat fir eng vun dësen Eegenschafte kéints du bieden, fir datt s du net eppes sees, wat dir dono leed deet? Wéi kënnen dir dës Eegenschaften hëllefen?

1. Korinther 15:33 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi wierkt sech dat, mat wiem a wat s du dech ofgëss, op deng Sprooch aus?

Prediger 3:1, 7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéini ass et besser, näischt ze soen oder ofzewaarden, éier een eppes seet?

5. Gutt iwwer anerer schwätzen

Wéi kann ee vermeiden, anere mat Wierder wéizedoen? De Video kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Firwat wollt de Brudder ophalen, negativ iwwer anerer ze schwätzen?

  • Wat huet hie gemaach, fir dat ze erreechen?

Prediger 7:16 liesen. Dozou dës Fro:

  • U wat soll een denken, wann ee Gefor leeft, schlecht iwwer en aneren ze schwätzen?

Prediger 7:21, 22 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kënnen dës Versen dir hëllefen, wann ee schlecht iwwer dech geschwat huet?

6. An der Famill léif matenee schwätzen

Jehova wëll, datt mir an der Famill frëndlech a léif mateneen ëmginn. De Video kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wat kann dir hëllefen, an denger Famill léif a frëndlech mateneen ze schwätzen?

Epheser 4:31, 32 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi soll een an der Famill matenee schwätzen?

Jehova huet duerch dat, wat hie gesot huet, seng Gefiller fir säi Jong Jesus gewisen. Matthäus 17:5 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kanns du dir am Ëmgang mat denger Famill u Jehova e Beispill huelen?

Sich no Méiglechkeeten, anerer ze luewen

WANN EE SEET: „Ech soen, wat ech denken. Et ass mir egal, wat anerer dovun halen.“

  • Gesäis du dat och esou? Firwat oder firwat net?

FAZIT

Wierder kënne vill bewierken. Dofir musse mir gutt oppassen, wat mir soen, wéi mir et soen a wéini.

Réckbléck

  • Wéi kann ee mat Wierder eppes Guddes bewierken?

  • Op wat soll ee beim Schwätzen oppassen?

  • Wat hëlleft eis, frëndlech ze sinn an anere mat Wierder Guddes ze doen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat sech positiv op eis Sprooch auswierkt.

Eis Zong esou gebrauchen, datt et anere gutt deet (8:04)

Wéi kann een eng schlecht Sprooch vermeiden?

„Ass Fluche wierklech esou schlëmm?“ (Online-Artikel)

Wéi kann ee verhënneren, eppes Negatives iwwer een aneren ze soen?

Stopp negatiivt Gespréich! (2:36)

E Mann erzielt, wéi hien et gepackt huet, sech d’Fluchen ofzegewinnen.

„Ech hu mir ganz eescht d’Fro gestallt, wouhi mäi Liewe féiert“ (Der Wachtturm, 1. August 2013)