Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 52

D’Kleedung an d’Ausgesinn – op wat een oppasse soll

D’Kleedung an d’Ausgesinn – op wat een oppasse soll

Jiddweree vun eis huet e ganz perséinleche Goût, wann et ëm d’Kleedung an d’Ausgesinn geet. E puer einfach bibelesch Prinzippien hëllefen, eisem Goût trei ze bleiwen a gläichzäiteg Jehova Freed ze maachen. Wat sinn e puer vun dëse Prinzippien?

1. Vu wéi enge Prinzippie soll een sech leede loossen?

Mir sollen eis „angemessen kleiden und … mit Bescheidenheit und gutem Urteilsvermögen schmücken.“ A mir sollen esou eriwwer kommen, datt ee kloer erkennt, datt mir „Gott … verehren“ (1. Timotheus 2:9, 10). Dësen Text weist eis véier Prinzippien: 1. Angemessen: Dir ass bestëmmt och schonn opgefall, datt zwar jiddwereen an der Versammlung säin eegene Goût huet, awer doduerch, wéi en seng Hoer huet an ugedoen ass, Respekt viru Gott weist. 2. Bescheidenheit: Mir wëlle weeder ze vill Opmierksamkeet op eis zéien nach ze provokant ugedoe sinn. 3. Gutes Urteilsvermögen: Et muss een net all neien Trend matmaachen. 4. Gott verehren: Et soll een ëmmer erkenne kënnen, datt mir dem eenzeg richtege Gott déngen an alles zu senger Éier maachen (1. Korinther 10:31).

2. Firwat solle mir op eis Bridder a Schwëstere Rücksicht huelen?

Natierlech kënne mir selwer entscheeden, wat mir undinn. Mir sollen awer dorop oppassen, wéi dat op anerer wierkt a keen doduerch a Verleeënheet bréngen. D’Bibel réit: „Jeder soll das tun, was für seinen Mitmenschen gut ist, um ihn aufzubauen.“ (Lies Römer 15:1, 2.)

3. Wéi kënne mir duerch dat wat mir unhunn, Guddes bewierken?

Mir wëllen ëmmer anstänneg ugedoe sinn an dat besonnesch, wa mir an d’Versammlung oder an de Priedegtdéngscht ginn. Mir wëllen duerch dat, wat mir unhunn, net vum wichtege Message vun der Bibel oflenken. Wa mir propper ugedoe sinn an no eis kucken, kënne mir „die Lehre Gottes, unseres Retters, … schmücken“ an dozou bäidroen, datt anerer méi iwwer Jehova wëlle gewuer ginn (Titus 2:10).

AN DEN DETAIL GOEN

Wourop solle mir oppassen, fir datt een un eiser Kleedung an eisem Ausgesinn erkennt, datt mir Jehova déngen?

Persoune mat Autoritéit kënnen un eiser Kleedung an un eisem Ausgesinn erkennen, ob mir si respektéieren oder net. Och wa Jehova an eist Häerz gesäit, soll een un eisem Ausgesinn erkennen, datt mir hie respektéieren

4. Duerch eist Ausgesinn weise mir, datt mir Jehova éieren

Wat ass de wichtegste Grond, dorop ze uechten, anstänneg auszegesinn? Psalm 47:2 liesen. Dozou dës Froen:

  • Mir representéiere Jehova. Wéi soll dat eise Choix vun der Kleedung beaflossen?

  • Ass et wierklech wichteg, wéi mir eis fir d’Versammlung an den Déngscht undoen? Wat mengs du?

5. Wéi mir bei eiser Kleedung an eisem Ausgesinn gutt Entscheedungen treffe kënnen

De VIDEO kucken.

Bei eiser Kleedung kënnt et net dorop un, wéi vill si kascht, mee datt si propper, uerdentlech a passend ass. 1. Korinther 10:24 an 1. Timotheus 2:9, 10 liesen. Firwat soll een näischt undoen, wat …

  • ze salopp, futti oder knaschteg ass?

  • ze enk uläit oder provokant ass?

Och wa mir eis als Chrëschten net un d’Gesetz vu Moses hale mussen, esou weist et eis dach, wéi Jehova iwwer munches denkt. 5. Mose 22:5 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat soll e Chrëscht sech net undoen an noeneemaachen ewéi ee vum anere Geschlecht?

1. Korinther 10:32, 33 an 1. Johannes 2:15, 16 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat solle mir eis froen, wéi eist Ausgesinn op anerer an der Versammlung oder an eisem Ëmfeld wierkt?

  • Wat fir Trends an der Moud ginn et an denger Géigend?

  • Kéinte munch vun dësen Trends fir e Chrëscht onpassend sinn? Firwat oder firwat net?

Mir kënnen eisen eegene Stil hunn a gläichzäiteg Jehova éieren

WANN EE SEET: „Ech dinn un, wat ech wëll.“

  • Denks du och esou? Firwat oder firwat net?

FAZIT

Duerch eist Ausgesinn kënne mir weisen, datt mir Jehova an anerer respektéieren.

Réckbléck

  • Firwat ass et Jehova wichteg, wéi mir eis undinn an noeneemaachen?

  • Wat fir Prinzippien hëllefen eis, gutt Entscheedungen ze treffen, wann et ëm eist Ausgesinn geet?

  • Wat fir en Afloss kann eist Ausgesinn dorop hunn, wéi anerer iwwer Jehova denken?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat seet meng Kleedung iwwer mech aus?

„Gesinn ech gutt aus?“ (Online-Artikel)

Bibelesch Prinzippien, déi engem hëllefen, gutt Entscheedungen ze treffen.

„Éiers du Gott mat dengem Kleedungsstil?“ (Der Wachtturm, September 2016)

Eng déif gleeweg Fra huet geléiert, beim Theema Kleedung an Ausgesinn ausgeglach ze sinn.

„Ech hu mech un der Frisur an un der Kleedung vun anere Leit gestéiert“ (Erwachet!, 22. Dezember 2003)