Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 54

Wat mécht „den treien a verstännege Sklav“?

Wat mécht „den treien a verstännege Sklav“?

Jesus ass „d’Haapt vun der Versammlung“ (Epheser 5:23). Vum Himmel aus leet hien seng Nofollger op der Äerd duerch den treien a verstännege Sklav. (Lies Matthäus 24:45.) Jesus huet hien agesat an dëse Sklav huet dofir eng gewëssen Autoritéit, bleift awer ëmmer nach e „Sklav“ vu Christus an déngt Christus senge Bridder. Wien ass dëse Sklav a wéi këmmert hien sech ëm eis?

1. Wien ass „den treien a verstännege Sklav“?

Jehova huet säi Vollek schonn ëmmer duerch eenzel Persounen oder duerch eng kleng Grupp vu Männer gefouert (Maleachi 2:7; Hebräer 1:1). No Jesus sengem Doud hunn d’Apostelen an déi eeler Männer a Jerusalem d’Leedung iwwerholl (Apostelgeschichte 15:2). Esou wéi deemools suergt och haut eng kleng Grupp vun Ältesten – d’Leedend Kierperschaft vun den Zeie vu Jehova – fir geeschteg Narung a leet d’Priedegtwierk. Dës Grupp ass „den treien a verstännege Sklav“, dee vu Jesus Verantwortung iwwerdroe krut (Matthäus 24:45a). All Member vun der Leedender Kierperschaft ass mat hellegem Geescht gesalleft. Si freeën sech dorop, no hirem Liewen op der Äerd mat Christus am Himmel ze regéieren.

2. Wat ass déi geeschteg Narung, fir déi den treie Sklav suergt?

Jesus sot, datt den treie Sklav senge Glawensbridder „zur richteger Zäit hir Narung gëtt“ (Matthäus 24:45b). Esou wéi mir duerch d’Iesse Kraaft kréien a gesond bleiwen, esou gëtt eis och geeschteg Narung – also Uleedung aus Gott sengem Wuert – Kraaft, Jehova trei ze bleiwen an den Optrag auszeféieren, dee Jesus eis ginn huet (1. Timotheus 4:6). Dës Narung kréie mir duerch Versammlungen, Kongresser, bibelesch Publikatiounen a Videoen, déi weisen, wat Gott vun eis erwaart a wéi mir eis Frëndschaft mat him verdéiwe kënnen.

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat mir „den treien a verstännege Sklav“ – d’Leedend Kierperschaft – brauchen.

D’Leedend Kierperschaft suergt fir geeschteg Narung, Uleedung a praktesch Hëllef fir d’Zeie vu Jehova op der ganzer Welt

3. Gott säi Vollek muss organiséiert sinn

Ënner der Leedung vu Jesus organiséiert d’Leedend Kierperschaft alles, wat d’Zeie vu Jehova maachen. Esou änlech war et och bei de Chrëschten am 1. Joerhonnert. De VIDEO kucken.

1. Korinther 14:33, 40 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi weisen dës Versen, datt Jehova wëll, datt seng Zeien organiséiert sinn?

4. Den treie Sklav organiséiert d’Priedegtwierk

D’Priedege vun der gudder Noriicht war fir d’Chrëschten am 1. Joerhonnert dat Wichtegst. Apostelgeschichte 8:14, 25 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wien huet am 1. Joerhonnert d’Priedegtwierk geleet?

  • Wéi hunn de Péitruss an de Johannes op d’Uweisunge vun den aneren Apostele reagéiert?

D’Priedege vun der gudder Noriicht ass och haut déi wichtegst Tätegkeet, déi d’Leedend Kierperschaft organiséiert. De VIDEO kucken.

Jesus huet betount, wéi wichteg et ass, déi gutt Noriicht bekannt ze maachen. Markus 13:10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat ass der Leedender Kierperschaft d’Priedegen esou wichteg?

  • Firwat brauche mir fir dëst weltwäit Wierk „den treien a verstännege Sklav“?

5. Den treie Sklav gëtt Uweisungen

D’Leedend Kierperschaft gëtt Jehova sengem Vollek weltwäit Uweisungen. Op wat baséieren si sech, wann si Entscheedungen treffen? Wéi ass d’leedend Kierperschaft am 1. Joerhonnert virgaangen? Apostelgeschichte 15:1, 2 liesen. Dozou dës Froen:

  • Iwwer wat waren sech d’Chrëschten am 1. Joerhonnert oneens?

  • Wien hunn de Paulus, de Barnabas an och anerer, ëm Rot gefrot?

Apostelgeschichte 15:12-18, 23-29 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi ass d’leedend Kierperschaft virgaangen fir ze gesinn, wéi Gott déi Saach gesäit? (Dozou d’Versen 12, 15 an 28.)

Apostelgeschichte 15:30, 31 a 16:4, 5 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi hunn déi éischt Chrëschten op d’Entscheedung vun der leedender Kierperschaft reagéiert?

  • Wéi huet Jehova dat geseent?

2. Timotheus 3:16 a Jakobus 1:5 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi geet d’Leedend Kierperschaft haut vir, fir erauszefannen, wat Gott wëll?

WANN EE SEET: „Dir lauschtert dach och just op Mënschen, wann dir dat maacht, wat d’Leedend Kierperschaft seet.“

  • Wat weist dir, datt Jesus d’Leedend Kierperschaft leet?

FAZIT

D’Leedend Kierperschaft ass „den treien a verstännege Sklav“, dee vu Jesus agesat ginn ass. Si gëtt Jehova sengem Vollek weltwäit Uweisungen a suergt och fir geeschteg Narung.

Réckbléck

  • Wien huet „den treien a verstännege Sklav“ agesat?

  • Wéi suergt d’Leedend Kierperschaft fir eis?

  • Gleefs du, datt d’Leedend Kierperschaft „den treien a verstännege Sklav“ ass?

Zil

MÉI GEWUER GINN

E puer interessant Fakten an Hannergrënn zu der Leedender Kierperschaft.

„Wat ass d’Leedend Kierperschaft vun den Zeie vu Jehova?“ (Online-Artikel)

Wéi d’Leedend Kierperschaft garantéiert, datt déi geeschteg Narung, déi si gëtt, zouverlässeg a richteg ass.

Firwat eis Publikatiounen esou genee sinn (17:18)

Wéi denken d’Membere vun der Leedender Kierperschaft iwwer d’Aufgaben, déi Jesus hinnen iwwerdroen huet?

E wäertvollt Virrecht (7:04)

Wéi gesäit een duerch eis Versammlungen a Kongresser, datt sech d’Leedend Kierperschaft vu Jehova leede léisst?

Jehova schoult säi Vollek (9:39)