Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 58

Bleif Jehova loyal!

Bleif Jehova loyal!

Echt Chrëschten hunn sech fest virgeholl, datt näischt a keen si dovun ofbréngt, Jehova ze déngen. Dat ass bestëmmt och däin Zil. An deng Loyalitéit bedeit Jehova vill. (Lies 1. Chronika 28:9.) Wat kéint deng Loyalitéit op d’Prouf stellen a wat kanns du da maachen?

1. Wéi probéiere muncher, eis dovun ofzebréngen, Jehova géintiwwer loyal ze bleiwen?

Et gi Leit, déi eis dovun ofbrénge wëllen, Jehova ze déngen. Dozou gehéiere Persounen, déi Jehova seng Organisatioun verlooss hunn an elo Ligen iwwer si erzielen, fir eise Glawen ze zerstéieren. Déi ginn „Abtrünnige“ genannt. Och munch Geeschtlecher verbreede falsch Informatiounen iwwer eis an der Hoffnung, datt liichtgleeweg Persounen d’Wouerecht verloossen. Et ass geféierlech, mat Géigner ze diskutéieren, hir Bicher oder Blogs ze liesen, hir Websäiten ze besichen oder hir Videoen ze kucken. Jesus sot iwwer Persounen, déi anerer vu Jehova ofbrénge wëllen: „Loosst si! Si si Blanner, déi déi Blann féieren! Wann e Blannen e Blanne féiert, fale se allebéid an e Gruef“ (Matthäus 15:14, BFL).

Wat ass, wa mir ee kennen, dee keen Zeie vu Jehova méi wëll sinn? Dat kann eis immens wéidoen. Vläicht wëll deejéinegen esouguer, datt mir eis tëschent him a Jehova entscheeden. Da kënnt et ganz besonnesch dorop un, datt mir Jehova géintiwwer loyal sinn (Matthäus 10:37). Mir halen eis u Jehova säi Gebot an hu mat dëser Persoun kee Kontakt méi. (Lies 1. Korinther 5:11.)

2. Duerch wéi eng perséinlech Entscheedunge weise mir, datt mir loyal zu Jehova halen?

Aus Léift zu Jehova wëlle mir eis op näischt aloossen, wat mat der falscher Relioun zesummenhänkt. Dat bedeit, datt mir eis op keng Aarbecht, Tätegkeet oder Organisatioun aloossen, déi mat der falscher Relioun a Verbindung steet. Jehova fuerdert eis op: „Gitt aus hir [Babylon der Grousser] eraus, mäi Vollek“ (Offenbarung 18:2, 4).

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi kanns du vermeiden, datt eppes tëschent dech a Jehova kënnt? Firwat weise mir eis Loyalitéit Jehova géintiwwer, wa mir aus Babylon der Grousser erausginn?

3. Opgepasst virun deenen, déi Ligen erzielen

Wéi solle mir reagéieren, wa mir negativ Berichter iwwer Jehova seng Organisatioun héieren? Sprüche 14:15 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat soll een net alles gleewen, wat een héiert?

2. Johannes 10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi solle mir eis deene géintiwwer verhalen, déi der richteger Léier de Réck gedréit hunn?

  • Wéi kéinte mir mat Iddie vun esou Persounen a Kontakt kommen, och wa mir keen direkte Kontakt mat hinnen hunn?

  • Wat mengs du, wéi géif Jehova sech fillen, wa mir eis mat negative Berichter iwwer hien an seng Organisatioun ofginn?

4. Hal loyal zu Jehova, wann e Glawensbrudder sënnegt

Wat solls du maachen, wann s du matkriss, datt een an der Versammlung schwéier gesënnegt huet? Dozou e Grondsaz aus dem Gesetz, dat Gott den Israelitte ginn huet. 3. Mose 5:1 liesen.

Dëse Vers weist, datt mir den Älteste soe sollen, wat mir wëssen, wa mir matkréien, datt ee schwéier gesënnegt huet. Éier mir dat maachen, wier et léif, deemjéinegen un d’Häerz ze leeën, selwer bei d’Ältesten ze goen. Wann hien dat net mécht, solls du aus Loyalitéit géintiwwer Jehova d’Älteste selwer uschwätzen. Wéi weis du doduerch deng loyal Léift fir …

  • Jehova?

  • d’Persoun, déi gesënnegt huet?

  • anerer an der Versammlung?

Hëllef engem Glawensbrudder, deen a Gefor ass

5. Hal dech vu Babylon der Grousser getrennt

Lukas 4:8 an Offenbarung 18:4, 5 liesen. Dozou dës Froen:

  • Gehéieren ech nach enger falscher Relioun un?

  • Gehéieren ech zu enger Organisatioun, déi mat enger falscher Relioun verbonnen ass?

  • Ënnerstëtzen ech duerch meng Aarbecht eng falsch Relioun?

  • Gëtt et nach en anere Beräich, an deem ech mat enger falscher Relioun verbonne sinn?

  • Wat soll ech maachen, wann ech op eng vun dëse Froe mat Jo äntweren?

Entscheet dech esou, datt s du e rengt Gewëssen hues an een deng Loyalitéit géintiwwer Jehova kloer gesäit.

Géifs du enger reliéiser Organisatioun Sue fir e gudden Zweck spenden?

WANN EE SEET: „Ech muss dach wëssen, wat munch Ausgeschlossener fir Ligen erzielen. Soss kann ech d’Wouerecht net verteidegen.“

  • Ass dat eng gutt Iwwerleeung? Firwat oder firwat net?

FAZIT

Fir datt mir loyal zu Jehova hale kënnen, meide mir de Kontakt mat deenen, déi him ontrei sinn. Mir halen eis och vun allem getrennt, wat mat der falscher Relioun ze dinn huet.

Réckbléck

  • Firwat solle mir eis net mat eppes ofginn, wat vun deene kënnt, déi der richteger Léier de Réck gedréit hunn?

  • Wéi solle mir eis géintiwwer engem verhalen, dee keen Zeie vu Jehova méi wëll sinn?

  • Wat gehéiert dozou, déi falsch Relioun ze verloossen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi soll ee reagéieren, wa Ligen iwwer Zeie vu Jehova erzielt ginn?

„Kenns du d’Fakten?“ (Der Wachtturm, August 2018)

Wéi een erausfënnt, ob eng Organisatioun zu Babylon der Grousser gehéiert.

„Sief räichlech beschäftegt um Enn vun de ‚leschten Deeg‘“ (Der Wachtturm, Oktober 2019, Abschnitt 16-18)

Wéi versiche Géigner, eise Glawen ze schwächen?

Opgepasst virun Täuschungen (9:32)

Am Bericht „Ech hu schonn als Kand no Gott gesicht“ erzielt een, dee Schinto-Priester war, firwat hien d’falsch Relioun verlooss huet.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. Juli 2011)