Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 60

Maach weider Fortschrëtter!

Maach weider Fortschrëtter!

An dësem Bibelcours hues du vill iwwer Jehova geléiert. Duerch dat, wat s du geléiert hues, ass deng Léift zu him esou grouss ginn, datt s du dech him warscheinlech higinn hues an dech deefe gelooss hues. Wann s du nach net gedeeft bass, denks du vläicht doriwwer no, dëse Schrëtt ze maachen. Och no der Daf kanns du dir weider Ziler setzen. Du kanns deng Frëndschaft mat Jehova ëmmer weider verdéiwen – an dat bis an all Éiwegkeet.

1. Firwat solls du ëmmer weider an deng Frëndschaft mat Jehova investéieren?

Et ass wichteg, ëmmer weider un der Frëndschaft mat Jehova ze schaffen. Firwat? „Damit wir niemals abdriften“ (Hebräer 2:1). Wat hëlleft dir, Jehova weider trei ze déngen? Géi reegelméisseg an de Priedegtdéngscht a sich no Méiglechkeeten, dech nach méi fir Jehova anzesetzen. (Lies Philipper 3:16.) Jehova ze déngen ass dat Bescht, wat een an sengem Liewe maache kann! (Psalm 84:10).

2. Wéi eng gutt Gewunnechte solls du bäibehalen?

Däi Bibelcours geet zwar elo op en Enn, awer däi Liewen als Chrëscht fänkt eréischt un. D’Bibel seet, datt mir „déi nei Perséinlechkeet undoe“ sollen (Epheser 4:23, 24). Wann s du weider d’Bibel studéiers an an d’Versammlunge gees, léiers du ëmmer Neies iwwer Jehova an seng Perséinlechkeet kennen. Probéier ëmmer méi, ewéi Jehova ze denken an ze handelen. Sief bereet, weider un dir ze schaffen, fir Jehova ze gefalen.

3. Wéi hëlleft Jehova dir, am Glawe staark ze bleiwen?

D’Bibel seet: „Gott … [wird] eure Schulung selbst beenden. Er wird euch festigen, er wird euch stärken, er wird euch festen Halt geben“ (1. Petrus 5:10). Jiddweree vun eis gëtt mat Versuchunge konfrontéiert. Awer Jehova weist eis, wéi mir hinne widderstoe kënnen (Psalm 139:23, 24). Jehova huet eis versprach, datt hien eis esouwuel de Wonsch ewéi och d’Kraaft gëtt, him trei ze déngen. (Lies Philipper 2:13.)

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi s du weider Fortschrëtter maache kanns a wéi Jehova dech dofir belount.

4. Schwätz ëmmer mat dengem beschte Frënd a lauschter him no

Duerch d’Gebiet an de Bibelstudium ass Jehova zu dengem Frënd ginn. Wéi kann deng Frëndschaft mat Jehova méi enk ginn, wann s du dës Gewunnechte bäibehäls?

Psalm 62:8 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat kéints du un denge Gebieder verbesseren, fir deng Frëndschaft mat Jehova weider ze stäerken?

Psalm 1:2 an d’Foussnout liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat kéints du un dengem Bibelliese verbesseren, fir deng Frëndschaft mat Jehova weider ze stäerken?

Wéi kanns du nach méi vun dengem perséinleche Bibelstudium profitéieren? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wat fir eng vun dëse Virschléi kéints du ëmsetzen?

  • Wat fir Theeme géifs du gär studéieren?

5. Setz dir Ziler

Wann s du dir Ziler am Déngscht fir Jehova setz, hëlleft dir dat, weider Fortschrëtter ze maachen. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Firwat war et gutt, datt d’Cameron sech Ziler gesat hat?

Natierlech kann net jiddwereen an en anert Land goe fir ze priedegen. Awer jiddweree kann sech Ziler am Déngscht fir Jehova setzen, déi een erreeche kann. Sprüche 21:5 liesen. Wat fir Ziler kéints du dir setzen?

  • an der Versammlung

  • am Priedegtdéngscht

Wéi kann dir de Grondsaz aus dësem Bibeltext hëllefen, deng Ziler ze erreechen?

En Zil fir mech?

  • D’Qualitéit vu menge Gebieder verbesseren

  • Déi ganz Bibel liesen

  • Jiddwereen an der Versammlung kenne léieren

  • Selwer e Bibelcours leeden

  • Den Hëllefspionéierdéngscht maachen oder en allgemenge Pionéier ginn

  • Wann s du e Brudder bass, dorop hischaffen, en Dienstamtgehilfen ze ginn

6. Fir ëmmer glécklech!

Psalm 22:26 a 37:11, 29 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat kanns du maachen, fir elo a fir ëmmer glécklech ze sinn?

FAZIT

Setz dir Ziler am Déngscht fir Jehova a verdéif deng Frëndschaft mat him. Da bass du fir ëmmer glécklech!

Réckbléck

  • Firwat kanns du dir sécher sinn, datt Jehova dir hëlleft, him trei ze bleiwen?

  • Wat kanns du maachen, fir eng méi enk Frëndschaft mat Jehova ze hunn?

  • Wéi kënnen dir Ziler hëllefen, weider Fortschrëtter ze maachen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat ass Jehova méi wichteg – een eenzege spektakuläre Moment, wou mir him trei sinn oder him liewenslaang trei ze sinn?

Bleif trei ewéi den Abraham (9:20)

Och wann een sech am Déngscht fir Jehova voll asetzt, kann een d’Freed verléieren. Wat kann een da maachen?

Erëm Freed kréien duerch studéieren an nodenken (5:25)

Wéi kann een sech am Déngscht fir Jehova Ziler setzen an se och erreechen?

„De Schöpfer duerch geeschteg Ziler verherrlechen“ (Der Wachtturm, 15. Juli 2004)