Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

Deel 1: Réckbléck

Deel 1: Réckbléck

Dës Froen zesumme beschwätzen:

  1. D’Bibel versprécht eng wonnerbar Zukunft. Op wat frees du dech am meeschten?

    (Dozou d’Lektioun 02.)

  2. Firwat bass du iwwerzeegt, datt d’Bibel d’Wuert vu Gott ass?

    (Dozou d’Lektiounen 03 a 05.)

  3. Firwat ass et wichteg, Jehova säin Numm ze gebrauchen?

    (Dozou d’Lektioun 04.)

  4. D’Bibel seet, datt Gott den „Ursprong vum Liewen“ ass (Psalm 36:9). Gleefs du dat?

    (Dozou d’Lektioun 06.)

  5. Sprüche 3:32 liesen.

    • Firwat ass Jehova de beschte Frënd, deen ee kann hunn?

    • Wat erwaart Jehova vu senge Frënn? Fënns du, datt hien ze vill erwaart?

      (Dozou d’Lektioune 07 an 08.)

  6. Psalm 62:8 liesen.

    • Wat hues du Jehova schonn am Gebiet gesot? Wouriwwer kéints du nach mat him schwätzen?

    • Wéi äntwert Jehova op Gebieder?

      (Dozou d’Lektioun 09.)

  7. Hebräer 10:24, 25 liesen.

    • Firwat lount et sech, d’Versammlunge vun den Zeie vu Jehova ze besichen?

    • Ass et derwäert sech unzestrengen, fir d’Versammlungen ze besichen?

      (Dozou d’Lektioun 10.)

  8. Firwat ass et gutt, reegelméisseg an der Bibel ze liesen? Wéi gesäit däi Programm aus, fir all Dag d’Bibel ze liesen?

    (Dozou d’Lektioun 11.)

  9. Wat huet dir um Bibelcours bis elo am beschte gefall?

  10. Gouf et Schwieregkeeten, säit s du ugefaangen hues, d’Bibel ze studéieren? Wa jo, wat kéint dir hëllefe weiderzemaachen?

    (Dozou d’Lektioun 12.)