Sinn ech prett?
Sinn ech prett, mat der Versammlung zesummen ze priedegen?
Ongedeefte Verkënneger kann ee ginn, wann een …
reegelméisseg d’Bibel studéiert, biet an d’Versammlunge besicht.
dat schätzt, wat ee léiert, dovun iwwerzeegt ass a mat aneren doriwwer schwätze wëll.
Jehova gär huet an sech Frënn sicht, déi hien och gär hunn.
aus aner Reliounen oder politesch Organisatiounen ausgetrueden ass.
no Jehova senge Moossstief lieft an de Wonsch huet, en Zeie vu Jehova ze ginn.
Wann s du d’Gefill hues, datt s du prett bass, fir zesumme mat der Versammlung ze priedegen, kann däi Bibellehrer d’Ältesten informéieren. Da schwätzen si mat dir doriwwer, ob s du d’Viraussetzungen dofir erfëlls.
Sinn ech prett, mech deefen ze loossen?
Et kann een sech deefe loossen, wann een …
en ongedeefte Verkënneger ass.
esou gutt wéi ee kann, reegelméisseg an de Priedegtdéngscht geet.
d’Leedung vum „treien a verstännege Sklav“ unerkennt a seng Entscheedungen ënnerstëtzt (Matthäus 24:45-47).
sech Jehova am Gebiet higinn huet an him fir ëmmer dénge wëll.
Wann s du d’Gefill hues, datt s du prett bass, fir dech deefen ze loossen, kann däi Bibellehrer d’Ältesten informéieren. Da schwätzen si mat dir doriwwer, ob s du d’Viraussetzungen dofir erfëlls.