Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen


Wéi huet een am meeschte vum Bibelcours?

Wéi huet een am meeschte vum Bibelcours?

Mat engem Bibellehrer: Entweeder déi Persoun, déi engem d’Broschür ginn huet, no engem Bibelcours froen oder den Online-Kontaktformulaire op jw.org ausfëllen.

ÉISCHTEN DEEL

Déi eenzel Abschnitter liesen, mat de fett gedréckte Froen (A) a Bibelstellen (B), déi d’Haaptgedanke betounen. Déi Bibelstellen, wou „Lies“ dobäi steet, zesumme mam Bibellehrer liesen.

MËTTELSTEN DEEL

De kuerzen Text (C) ënner An den Detail goen weist, wat dono kënnt. D’Iwwerschrëften (D) féieren duerch d’Theema. Zesumme liest een d’Bibeltexter, beäntwert d’Froen, kuckt sech d’Videoen un (E) ...

... a beschwätzt d’Biller an dat, wat drënner steet (F). Bei Wann ee seet (G), kann een iwwerleeën, wéi een dorop äntwert.

LESCHTEN DEEL

Fazit a Réckbléck (H) schléissen d’Lektioun of an et kann een och dohi schreiwen, wéini dat war. Zil (I) weist engem, wat een sech virhuele kann. Ënner Méi gewuer ginn (J) fënnt een aner Artikelen a Videoen, déi zum Theema passen.

Wéi ee Bibelstelle fënnt

Bei de Bibelstelle steet fir d’éischt de Numm vum Bibelbuch (A), dann d’Kapitel (B), an dono de Vers oder d’Versen (C). E Beispill: Johannes 17:3 ass also d’Bibelbuch Johannes, Kapitel 17, Vers 3.