Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

E Bréif vun der Leedender Kierperschaft

E Bréif vun der Leedender Kierperschaft

Léif Bridder a Schwësteren,

Léift fir Gott a fir d’Mënsche motivéiert eis, dat ze maachen, wat Jesus gesot huet: „Gitt a maacht Mënschen aus alle Vëlker zu menge Jünger [an] deeft si“ (Mat. 28:19, 20; Mar. 12:28-31). Opriichteg Léift ka vill bewierken. Et beréiert d’Häerz vun deenen, „déi zum éiwege Liewe richteg agestallt“ sinn (Apg. 13:48).

Mir hunn eis bis elo dorop konzentréiert, d’Gespréichsvirschléi am Sënn ze hunn a Literatur ofzeginn. Mir mussen awer elo nach besser dra ginn, Gespréicher ze féieren. Mir wëllen eis Léift weisen, andeem mir iwwer Theeme schwätzen, déi eise Vis-à-vis interesséieren. Dofir musse mir flexibel sinn an eis iwwerleeën, wéi mir op dat agoe kënnen, wat deen Eenzelne brauch an interesséiert. Wéi hëlleft eis dës Broschür dobäi?

An den 12 Lektioune vun dëser Broschür geet et ëm Eegenschaften, déi mir brauchen, fir anere Léift ze weisen a Jünger ze maachen. All Lektioun geet op e Bibelbericht an, an deem Jesus oder en aneren Evangeliumsverkënneger aus dem 1. Joerhonnert eng bestëmmten Eegenschaft am Déngscht gewisen huet. Eist Zil ass et, Mënschen eis Léift ze weisen an net nëmmen de Gespréichsvirschlag virzedroen. D’Eegenschaften, déi mir elo betruechten, sinn am Déngscht an all Situatioun wichteg, awer wa mir Gespréicher ufänken, Réckbesich maachen oder Bibelcoursen duerchféieren, si verschidden Eegenschafte besonnesch wichteg.

Iwwerlee dir bei all Lektioun, wéi s du déi Eegenschaft, déi do betruecht gëtt, weise kanns, wann s du mat de Leit an denger Géigend schwätz. Gëff dir Méi, deng Léift fir Jehova a fir d’Mënschen ze verdéiwen. Fir d’Zil ze erreechen, Jünger ze maachen, ass dës Léift méi wichteg ewéi iergendeng bestëmmten Technik oder Method.

Et ass eng grouss Éier, Schëller u Schëller mat iech zesummenzeschaffen (Zeph. 3:9). Eise Wonsch ass et, datt Jehova iech säi räichste Seege schenkt bei ärem Beméien, Mënsche gär ze hunn an si zu Jünger ze maachen!

Är Bridder,

Leedend Kierperschaft vun den Zeie vu Jehova