Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

E GESPRÉICH UFÄNKEN

LEKTIOUN 3

Léif a frëndlech sinn

Léif a frëndlech sinn

Grondsaz: „D’Léift ass … häerzensgutt“ (1. Kor. 13:4)

Wéi Jesus virgaang ass

1. De VIDEO kucken, oder Johannes 9:1-7 liesen. Dozou dës Froen:

  1.    Wat huet Jesus fir d’éischt gemaach – de blanne Mann geheelt oder him vun der gudder Noriicht erzielt? (Dozou Johannes 9:35-38.)

  2.   Firwat kéint d’Aart a Weis, wéi Jesus virgaang ass, dozou bäigedroen hunn, datt de Mann positiv op déi gutt Noriicht reagéiert huet?

Wat léiere mir vu Jesus?

2. Eng Persoun ass éischter bereet nozelauschteren, wann si d’Gefill huet, datt mir éierlech un hir interesséiert sinn.

Maach et ewéi Jesus

3. Versetz dech an d’Situatioun vun deem aneren. Versich dir virzestellen, wat an deem anere virgeet.

  1.    Fro dech: „Wat beschäftegt hien eventuell? Wat géif him an senger Situatioun hëllefen a guttdoen?“ Esou kanns du op eng natierlech an éierlech Aart a Weis léif a frëndlech sinn.

  2.   Weis, datt dir eppes un der Persoun läit, andeem s du gutt nolauschters. Wann si dir erzielt, wéi si iwwer eng Saach denkt oder dir vun hire perséinleche Suergen a Problemer erzielt, da wiessel net d’Theema.

4. Schwätz frëndlech a respektvoll. Wann s du mat der Persoun matfills an hir wierklech hëllefe wëlls, kënnt dat an denger Stëmm zum Ausdrock. Iwwerlee dir gutt, wat a wéi s du eppes sees. Vermeit Saachen ze soen, déi si blesséiere kéint.

5. Sief hëllefsbereet. Hal deng Aen op, fir Geleeënheeten ze erkennen, wou s du praktesch Hëllef leeschte kanns. Wann s du frëndlech an hëllefsbereet bass, kann dat eng Dier opmaache fir e Gespréich.