E GESPRÉICH UFÄNKEN
LEKTIOUN 6
Sech net aschüchtere loossen
Grondsaz: „Mir hu mat der Hëllef vu Gott de Mutt opbruecht, iech vun der gudder Noriicht vu Gott ze erzielen“ (1. Thes. 2:2)
Wéi Jesus virgaang ass
1. De VIDEO kucken, oder Lukas 19:1-7 liesen. Dozou dës Froen:
Wat léiere mir vu Jesus?
2. Mir loossen eis net aschüchteren a priedegen onparteiesch jidderengem déi gutt Noriicht.
Maach et ewéi Jesus
3. Verlooss dech op Jehova. Esou wéi Gott säi Geescht Jesus d’Kraaft ginn huet ze priedegen, esou gëtt säi Geescht och dir Kraaft (Mat. 10:19, 20; Luk. 4:18). Fro Jehova dir Mutt ze ginn, wann s du Angscht hues, mat bestëmmte Leit iwwer d’Bibel ze schwätzen (Apg. 4:29).
4. Jugéier keen. Vläicht zécke mir, munch Leit unzeschwätze wéinst hirem Ausgesinn oder Liewensstil, hirem Titel, hirer sozialer Stellung oder Relioun. Awer denk drun:
5. Sief couragéiert, mee och respektvoll a virsiichteg (Mat. 10:16). Looss dech net op eng Diskussioun an. Briech d’Gespréich héiflech of, wann d’Persoun näischt wësse wëll oder wann s du d’Gefill hues, datt deng Sécherheet a Gefor ass (Spr. 17:14).