Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

BEI INTERESSI NET OPGINN

LEKTIOUN 8

Gedëlleg sinn

Gedëlleg sinn

Grondsaz: „D’Léift ass gedëlleg“ (1. Kor. 13:4)

Wéi Jesus virgaang ass

1. De VIDEO kucken, oder Johannes 7:3-5 an 1. Korinther 15:3, 4, 7 liesen. Dozou dës Froen:

  1.    Wéi hu Jesus seng Bridder am Ufank op dat reagéiert, wat hie gepriedegt huet?

  2.   Wéi huet Jesus gewisen, datt hien säi Brudder, de Jakobus, net opginn huet?

Wat léiere mir vu Jesus?

2. Mir brauche Gedold, well verschidde Leit méi laang brauchen ewéi anerer, fir déi gutt Noriicht ze akzeptéieren.

Maach et ewéi Jesus

3. Probéier eng aner Method. Wann eng Persoun net direkt mat engem Bibelcours averstanen ass, da setz si net ënner Drock. Du kanns vläicht Videoen an Artikele gebrauchen, fir hir ze weisen, wéi e Bibelcours ofleeft a wat si dovun huet.

4. Vergläich net ee mat deem aneren. All Persoun ass anescht. Wann een aus der Famill oder e Réckbesuch zéckt, fir d’Bibel ze studéieren oder eng bibelesch Léier ze akzeptéieren, da probéier erauszefannen, u wat dat läit. Hänkt hien nach un enger Léier, déi him wichteg ass? Gëtt hie vun der Famill oder vun Noperen ënner Drock gesat? Gëff him Zäit, iwwer dat, wat s du gesot hues, nozedenken an de Wäert vun de bibelesche Wouerechten ze erkennen.

5. Schwätz mat Jehova iwwer d’Persoun. Biet Jehova drëm, positiv an taktvoll ze bleiwen. Weist d’Persoun wéineg Interessi, da fro Jehova, datt hien dir hëlleft erauszefannen, wéini de richtegen Zäitpunkt ass, d’Gespréicher net méi weiderzeféieren (1. Kor. 9:26).