BEI INTERESSI NET OPGINN
LEKTIOUN 9
Sech an d’Lag vun anere versetzen
Grondsaz: „Freet iech mat deenen, déi sech freeën. Kräischt mat deenen, déi kräischen“ (Röm. 12:15)
Wéi Jesus virgaang ass
1. De VIDEO kucken, oder Markus 6:30-34 liesen. Dozou dës Froen:
Wat léiere mir vu Jesus?
2. Sech an d’Lag vun aneren ze versetzen a matzefillen ass op d’mannst esou wichteg ewéi déi gutt Noriicht ze priedegen.
Maach et ewéi Jesus
3. Lauschter gutt no. Gëff der Persoun d’Méiglechkeet ze soen, wat si denkt. Ënnerbriech si net a géi net schnell iwwer hir Gefiller, Bedenken oder Awänn ewech. Wann s du gutt nolauschters, weis du, datt et dir wichteg ass, wéi si iwwer eppes denkt.
4. Maach dir Gedanken iwwer d’Persoun. Denk iwwer d’Gespréicher mat der Persoun no a fro dech:
5. Schwätz iwwer Theemen, déi der Persoun hëllefe kënnen. Weis esou séier wéi méiglech, wéi e Bibelcours hir Froe beäntwert an hir am Alldag hëlleft.